Patrick Krecké, den neie Gemengeconseiller zu Kielen

De Patrick Krecké huet 47 Joer, hien ass Papp vun zwee Meedercher a schafft zanter 23 Joer op enger Bank. De Patrick ass President vum Nouspelter Syndicat d’Initiative, hien ass Member vun der Schoulkommissioun zu Kielen an ass am Elterecomité aktiv. Den 11. Juni 2021 ass de Patrick Nofollger vum Conseiller Tom Hansen ginn.

Firwat hues du dech politesch engagéiert a firwat bei der DP?

Vum Charakter hir beweegen ech gäre Saachen. Ech si relativ spéit an d’Politik komm, an d’DP mat hire liberal-soziale Wäerter war genee déi richteg Wiel fir mech.

Wat sinn deng Prioritéiten als Gemengeconseiller?

Ech setze mech an der Suite vu mengem Virgänger fir eng konstruktiv Oppositiounspolitik an. Ëmmer am Interêt vun eise Bierger. Als Papp vun 2 Meedercher läit mer besonnesch d‘Wuelbefanne vun de Kanner um Häerz.

Wat gefällt dir am beschten an denger Gemeng? 

D’Rou an d‘Gebuergenheet an eiser Gemeng bidden e gudden Ausgläich zum dach hekteschen Alldag. Och den tëschemënschlechen a soziale Kontakt spille fir mech eng grouss Roll, déi duerch d’Multitüd u Veräiner an eiser Gemeng assuréiert gëtt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...