Reewaasseranlagen an ëffentleche Gebaier fir Drénkwaasser ze spueren?

D'Installatioun vun enger Reewaasseranlag, fir Reewaasser fir verschidden Zwecker ze notzen, ass eng Méiglechkeet fir Drénkwaasser ze spueren, grad wann Dréchent an Hëtzt dem Grondwaasser zousetzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hu beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et an där Hisiicht bei den ëffentleche Gebaier ausgesäit.

« D’Installatioun vu Reewaasseranlagen, déi d’Reewaasser an engem Waassertank späicheren an et duerno fir verschidde Besoinen notzen, wéi z.B. op den Toiletten, ass en einfachen, awer wichtege Wee fir Drénkwaasser ze spueren, dëst ëmsou méi an Zäite wou de Grondwaasserspiggel duerch onreegelméisseg Nidderschléi erofgeet.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

– Ass virgesinn, fir sou Reewaasseranlagen an ëffentleche Gebaier z’installéieren ?

– Wa jo, kann den Här Minister eis soen, wéi eng Gebaier betraff sinn a wat den Zäitplang ass ?

– A wéi enge Gebaier gëtt et scho sou Anlagen ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...