Sinn d’Organtransplantatioune wéinst der Pandemie zréckgaangen?

Wéinst der Covidkris hu vill aner medezinesch Agrëff an Traitementer missen ofgesot oder verréckelt ginn. Dat trëfft och op Organtransplantatiounen zou, am besonneschen d'Transplantatioun vun Nieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, wéi vill Nierentransplantatiounen hei am Land wärend der Pandemie hu missen deprogramméiert ginn, wéi vill Patienten hei am Land op eng Nier waarden a wéi eng Konditiounen erfëllt musse sinn, fir op d'Waardelëscht ageschriwwen ze ginn.

« Les transplantations d’organes sauvent des vies. En France, la presse s’est récemment fait l’écho de la déprogrammation des transplantations d’organes en raison de la surcharge des services de réanimations due à la crise du Covid-19. En effet, les greffes d’organes ont baissé en France de 25% par rapport à l’année précédente. Avec une baisse 29%, cette chute du nombre d’opérations a particulièrement touché les patients en attente d’un rein.

À ce sujet, j’aimerai poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • D’une manière générale, Madame la Ministre, dispose-t-elle des chiffres de patients en attente d’un greffon au Luxembourg?
  • Combien de transplantations rénales ont été déprogrammées en raison de la pandémie du Covid-19?
  • Combien de personnes sont inscrites sur la liste d’attente pour une greffe de rein?
  • Quelles sont les conditions à remplir pour pouvoir recevoir une greffe de reins? Est-il vrai qu’un patient n’a pas droit à une transplantation rénale tant qu’un de ses reins est encore fonctionnel à 80 % ? Dans l’affirmative, quelle en est la raison?
  • Combien de greffes de rein sont réalisées chaque année au Luxembourg? Combien de greffons proviennent d’une personne vivante ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Courrier non distribué

Dierfe Gemengen e Courrier net un de Gemengerot weiderschécken?

Oft schécke Bierger, Veräiner oder Associatiounen Invitatiounen, Doleance oder Informatiounsufroen un de Schäfferot an de Gemengerot vun hirer Gemeng. Meeschtens benotzen si déi offiziell Email- oder Postadress vun der jeeweileger Gemeng. D’DP-Deputéiert Guy Arendt a Claude Lamberty hunn elo héieren, datt verschidde Courrieren awer ni bei de Membere vum Gemengerot ukomm sinn obwuel si als Destinatär vum Courrier gewënscht waren. Si hunn d’Inneministesch elo gefrot ob déi Praxis legal ass a wéi ka garantéiert ginn, datt e Courrier och do ukënnt wou den Ofsender et gären hätt.

weiderliesen...
Doud Fësch Tote Fische

Wat fir Auswierkungen hunn d’Iwwerschwemmungen op de Fëschbestand?

Duerch déi kierzlech Iwwerschwemmungen hu vill Fësch et net méi gepackt fir zréck an hir Baach oder hire Floss ze schwammen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministesch ob si schonns d’Auswierkunge vun de rezenten Iwwerschwemmungen op den nationale Fëschbestand kennt an ob de Plan de repeuplement elo eventuell misst ugepasst ginn.

weiderliesen...

Informatiounsaustausch tëscht den alen an neie Juegdsyndikater

Den DP-Deputéierten André Bauler a Guy Arendt ass zu Ouere komm, dass d’Sekretäre vun deene fréiere Juegdsyndikater net däerfen d’Kontosnummere vun de Bësch-, Wisen a Feldbesëtzer un déi nei Sekretäre rausgi wéinst dem Dateschutz. Dowéinst hu si bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi dëse Problem kéint behuewe ginn.

weiderliesen...