Stäerkung vun der Liewensqualitéit a vun der Kafkraaft: D’DP presentéiert hire Programm fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023

D’Demokratesch Partei (DP) huet op hirem Nationalkongress 2023 en ëmfaassende Walprogramm fir d’Parlamentswale vum Oktober presentéiert. Iwwer 400 Membere sinn an de Kulturzenter Syrkus op Rued-Sir komm, fir de Premier Xavier Bettel, de President Lex Delles an déi regional Spëtzekandidaten am kommende Walkampf z’ënnerstëtzen.

Ënnert dem Slogan No bei dir. setzt d’DP an hirem Walprogramm däitlech Akzenter an de Beräicher Liewensqualitéit a Kafkraaft, fir d’Besoine vun der breeder Mëttelschicht wierksam z’entlaaschten.

De Walprogramm vun der DP beinhalt ëmfaassend Mesurë fir d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit zur Stäerkung vun der Kafkraaft vun de Mënschen zu Lëtzebuerg. D’Partei wëll an den nächste fënnef Joer ë.a.:

  • d’Mëttelschichte finanziell entlaaschten,
  • d’Energiewend an der Breed vun der Populatioun ëmsetzen,
  • bezuelbare Wunnraum fir jidderee schafen,
  • déi alldeeglech Liewensqualitéit vun de Famillje verbesseren,
  • flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäitmodeller fërderen,
  • d’Zukunftskompetenze vun de Kanner a vun de Jugendlechen ëmsetzen.

D’DP beweist mat dëse geplangte Mesuren, dass hir Politik no un den praktesche Besoine vun de Leit ass – No bei dir. D’Partei huet dobäi och déi Leit am Bléck, déi Lëtzebuerg all Dag um Lafen halen: d’Mëttelschicht, d’Familljen, d’Entreprisen.

De Premierminister Xavier Bettel huet a senger Ried säin ongebrachenen Elan bekräftegt, fir an déi nächst Chamberwalen ze goen: No bei dir. ass mäin Alldag. Meng Motivatioun a meng Energie ware rarement esou grouss, ewéi elo. De Staatsminister huet ënnerstrach, datt et zemol a Krisenzäiten op déi richteg Politik ukënnt: Et ass d’Zäit, wou et wichteg ass, déi richteg Decisiounen ze huelen.

De Parteipresident Lex Delles huet a senger programmatescher Ried d’Ziler vun der DP-Politik an den nächste Joren definéiert: D’DP ass d’Partei vun der Zukunft. Mir wëllen eise Wuelstand sécheren, d‘Liewensqualitéit verbesseren an den nächsten Generatiounen hiren eegene Gestaltungsspillraum loossen. Hien huet un déi grouss Zoustëmmung fir d’Partei bei de leschte Gemengewale virun engem Mount erënnert:  D‘DP huet an de Gemengewale bewisen, dass mir d‘Vertraue vun de Leit an eis Politik hunn. Mir wäerten alles dorunner setzen, fir och an de Nationalwalen dëst Vertrauen ze kréien.

D’Generalsekretärin Carole Hartmann huet an hirer Ried un de Gestaltungswëlle vun der DP als responsabel Partei a schwéieren Zäiten erënnert: D’DP huet déi lescht Jore bewisen, datt si déi dreiwend politesch Kraaft hei am Land ass. An datt Lëtzebuerg mat der DP a mat eisem Premier Xavier Bettel a gudden Hänn ass.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...