Startschoss fir de Klimabiergerrrot : Zesumme fir e bessere Klimaschutz

Léif Nolauschterer,

Egal ob dir grad am Auto sëtzt, doheem de Radio lauschtert oder op der Schaff sidd : De Klimawandel a seng Konsequenze sinn eng Realitéit a betreffen eis alleguer.

Dat net just an engem hypothetesche Kontext, mee ganz konkret an eisem Liewen, an eisem Verhalen, an eise Gewunnechten.

Sief et wéi mer eis deplacéieren, wéi mer wunnen oder wéi mer schaffen – de Klimawandel obligéiert eis, de Fonctionnement vun eiser Gesellschaft nei ze iwwerdenken.

Dat ass keng kleng Aufgab.

Dat ass eng riseg Erausfuerderung, bei där jidder eenzele säin Deel muss bäidroen, fir dass mer zesummen eis Ziler ereeche kënnen.

A grad dowéinst ass et fir eis als Demokratesch Partei wichteg, dass och jiddereen d’Méiglechkeet kritt, matzeschwätzen.

Wa Klimapolitik nämlech konkret an erfollegräich wëll sinn, muss se zesumme mat de Bierger stattfannen.

D’Klimafro ass eng Gesellschaftsfro. Nëmmen zesumme kënne mer virukommen a grondleeënd Probleemer léisen. An dowéinst soll d’Klimapolitik och op engem méiglechst breede gesellschaftleche Konsens baséieren.

De Premier Xavier Bettel huet dowéinst a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert, e Klimabiergerrot anzeberuffen. De 5. Januar huet hien d’Detailer zu dësem eenzegaartege Projet virgestallt.

Wourëms geet et also ?

D’Regierung huet an der Vergaangenheet scho grouss Efforte gemaach a sech ambitiéis Ziler gesat, fir de Klimawandel ze stoppen.

Fakt ass awer, dass een nach eng Schëpp kann drop leeën. Vläit suguer muss – well d’Zäit eis fortleeft.

De Klimabiergerrot huet dowéinst d’Missioun, iwwer Mesuren an Ziler ze diskutéieren, déi iwwer de Klima- an Energieplang an déi aktuell Moossnamen erausginn.

Et ass en historesche Projet, deen et an där Form nach net zu Lëtzebuerg gouf.

100 Leit gi geloust, 60 effektiv Memberen a 40 Remplaçanten – Männer a Fraen, Jonker ab 16 Joer a manner Jonker, Lëtzebuerger an net-Lëtzebuerger, …aus alle Schichten an Ecke vum Land, déi de Spigel vun eiser Gesellschaft duerstellen, fir iwwer d’Zukunft vum Klima, der Klimapolitik hei am Land an de Konsequenzen ze beroden.

An dat ass och e ganz wichtegen an entscheedende Faktor: Et ass net e Gremium vu Politiker oder en Aarbechtsgrupp deen d’Politik definéiert, mee et ass e Grupp vun 100 Leit queesch duerch eis Gesellschaft déi sech zesumme setzen an a Workshoppen an Aarbechtsreunioune Positiounen diskutéieren an ausschaffen.

Dobäi gi si natierlech ënnerstëtzt vun Experten aus verschiddene Beräicher, fir a beschter Kenntnis vun der Matière kënnen ze schaffen an ze diskutéieren.

Enn Januar elo geet et lass, a bis de Summer sollen an enger ganzer Rei Diskussiounsronne konkret Propositiounen ausgeschafft ginn.

Dës wäerten dann an der Chamber debattéiert ginn an duerno och an den neie Klima- an Energieplang afléissen.

Jidderee ka bei dësem spannenden a wichtegen Exercise matmaachen, aschreiwe kann een sech elo online direkt op der TNS-Ilres Säit.

Dëse Projet vum Klimabiergerrot ass en immens wichtege Projet, well en zukunftsweisend ass a well en d’Bierger an dëser wichteger Fro direkt mat abezitt. Jiddereen ass gefuerdert – et geet ëm eiser aller Zukunft. An dofir wënschen ech den 100 Bierger elo schonn eng intensiv, interessant a produktiv 6 Méint mat villen innovativen a gudden Iddien. Ech freeë mech schonn op den Debat an d’Conclusiounen an der Chamber… fir d’Zukunft vun eis all!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...