Steierpolitik: d’Bierger gerecht entlaaschten an d’Entreprenariat fërderen
Déi steierpolitesch Entlaaschtung vun de Mëttelschichte bleift en zentraalt Uleies vun der DP. D’DP-gefouert Regierung huet d’Staatsfinanzen an der lafender Legislaturperiod Schrack fir Schrack sanéiert an huet esou fir den néidege Sputt fir steierpolitesch Entlaaschtunge gesuergt. Esou konnt eng ëmfaassend Steierreform gemaach ginn, déi fir méi Steiergerechtegkeet a fir eng Entlaaschtung vun de klengen a mëttleren Akommes gesuergt huet. D’Bierger goufen an Héicht vun iwwer 300 Milliounen Euro d’Joer entlaascht.
De Saz vun der Kierperschaftssteier ass vun 21% op 18% erofgesat ginn, fir op e verännert internationaalt Ëmfeld ze reagéieren an d’Konkurrenzfäegkeet vun den Entreprisen z’erhéijen. Kleng Betriber hunn esouguer vun enger Steierbaisse vun 20% op 15% profitéiert. E konkurrenzfäegt Steierëmfeld fir d’Entreprisë stäerkt de Wirtschaftsstanduert, schaaft Aarbechtsplazen a suergt fir Recetten, déi schlussendlech kënne fir de Bierger agesat ginn. D’DP steet fir eng ugemiesse Besteierung vun den Entreprisen, fir datt si kënnen hire Bäitrag zum Staatsbudget leeschten an och genuch Mëttel hunn, fir an Innovatiounen an an d’Weiderentwécklung vun hire Betriber kënnen z’investéieren.
D’DP wäert och an Zukunft d’Bierger an d’Entreprisen iwwer Steierentlaaschtungen um Succès vun eisem Land bedeelegen. Duerch déi responsabel Budgetspolitik kënne mir weider Entlaaschtungen am Sënn vun de Bierger ëmsetzen. An och d’Entreprisen – zemol déi kleng a mëttelgrouss – sollen zousätzlech steierlech entlaascht ginn, fir hir Konkurrenzfäegkeet ze stäerken.
D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt de Bierger muss iwwer Steiererliichterungen um Succès vum Land bedeelegt ginn. Wéinst der virsiichteger Finanzpolitik vun der DP-gefouerter Regierung konnt zousätzleche budgetäre Sputt fir eng nei Reform vun der Akommessteier geschafe ginn, mat där d’Mëttelschichten an d’Famillje wäerten zousätzlech entlaascht ginn.
D’DP wäert de Steiersystem op de Leescht huelen, vun deem den Ament d’Allengverdénger profitéieren. De Splitting kënnt nach aus Zäiten, an deenen d’Rollen tëscht Mann a Fra anescht verdeelt waren. Wärend de Mann fir d’Akommes zoustänneg war, huet sech d’Fra meeschtens op de Stot an op d’Kanner konzentréiert an hat dacks emol keen eegent Akommes.
Dës traditionell Verdeelung vun de Rollen an engem Bestietnis entsprécht net méi der gesellschaftlecher Realitéit vun haut. D’DP setzt sech fir en neutrale Steiersystem an, onofhängeg dovunner, op wéi eng Manéier d’Leit zesummeliewe wëllen. D’DP wëll Steiervirdeeler dofir no an no vun engem Trau- oder engem Pacsschäin lassléisen an dofir un d’Kanner koppelen. Déi fräiwëlleg Individualiséierung vun 2017 ass eng éischten Etapp um Wee zu engem System, an deem déi individuell Besteierung och bei bestueten a gepacste Koppele Schrack fir Schrack verallgemengert gëtt. D’DP wäert de Wee zu enger individueller Besteierung konsequent weidergoen an dofir suergen, datt kee méi schlecht ewech kënnt. Dat dréit och duerzou bäi, datt et mëttelfristeg net méi zu Ëmklasséierunge kënnt, wann de Partner stierft.
D’Ierfschaftssteier huet sech an de leschte Joerzéngte kaum verännert, wärend d’Lounsteiersätz reegelméisseg no ënnen ugepasst gi sinn. 2018 huet d’DP scho Bestietnisser an agedroe Partnerschaften – och ouni direkt Nokommen – vun der Ierfschaftssteier liberéiert. D’DP wäert och d’Ierfschaftssteier an der indirekter Linn no ënnen upassen an zwar entspriechend der Inflatioun aus der Vergaangenheet. Doriwwer eraus ass d’DP géint eng Ierfschaftssteier an der direkter Linn.
D’DP wäert mat de Gemengen eng Reform vum vereelzte Grondsteiersystem ëmsetzen. D’DP wäert en Abattement aféieren, wann de Proprietär selwer a senger Wunneng oder a sengem Haus wunnt.
D’Albausanéierung ass essentiell, fir dat nationaalt Klimazil z’erreechen. Et ass besonnesch déi energetesch Sanéierung, déi et de Bewunner erlaabt, mëttelfristeg Käschten ze spueren. D’DP wäert dofir de superreduzéierten TVA-Taux vun 3% op de Renovatioune vun Haiser a Gebaier vun iwwer 10 Joer applizéieren, amplaz vun iwwer 20 Joer, wéi dat bis elo de Fall ass.
Op europäeschem Niveau gëtt den Ament d’TVA-Taxatioun iwwerschafft, fir de Memberstaate méi Sputt ze loossen. Nom Motto „Reparéieren amplaz Ewechgeheien“ wäert d’DP de superreduzéierten TVA-Taux vun 3% op alle Reparaturaarbechten applizéieren. Domadder solle Gebrauchsgéigestänn méi laang am Gebrauch bleiwen an d’Kreeslafwirtschaft gefërdert ginn.
Elektresch Fortbewegungsmëttel sinn e wichtegen Deel vun der emissiounsaarmer Mobilitéit vun der Zukunft. Fir d’Elektromobilitéit méi staark z’ënnerstëtzen, wäert d’DP de superreduzéierten TVA-Taux vun 3% op elektresche Fortbewegungsmëttel (E-Auto, E-Bike, Pedelec, elektresch Trottinetten) aféieren.
De luesen Austrëtt aus dem Tanktourissem ass scho vun der DP-gefouerter Regierung ageleet ginn. D’DP wäert och an Zukunft keng iwwerstierzte Mesuren decidéieren, déi zu engem séieren Ofhuele vun den Akziserecette géinge féieren, ma um Wee vun engem luesen a kontinuéierlechen Ausstig weiderfueren.
D’DP setzt sech fir eng fair Steiercompetitioun op EU-Niveau an. Fir ons solle sech d’Harmoniséierungspläng vun der EU awer op d’Steierbemiessungsgrondlag beschränken an net d’Fräiheet vun de Memberstaaten a punkto eenzel Steiertauxe reduzéieren.
Mir sinn och fir eng gerecht Besteierung vun den Internetkonzerner. Mat enger iwwerstierzter Léisung op EU-Niveau riskéiert een awer, onser Meenung no, innovativ Entreprisen ofzeschrecken. Mir wëllen dofir en internationale Kompromëss um Niveau vun der OECD.
D’Iddi vun enger Finanztransaktiounssteier gëllt als Wonnermëttel géint iwwerdriwwe Spekulatiounsgeschäfter. Déi Steier géing awer virun allem op Käschte vun de klengen Investisseure goen, well d’Finanzinstituter hir Käschte géingen un d’Cliente weiderginn. Eng Besteierung vu Finanzgeschäfter ass nëmmen acceptabel, wann alleguerten d’Staate matmaachen, fir e „Level Playing Field“ z’erreechen.
Am Beräich vun der Digitalbesteierung huet d’EU-Kommissioun e Virstouss fir eng Steier op den digitalen Déngschtleeschtunge gemaach. D’DP ass kritesch vis-à-vis vun där Initiativ, well esou en europäesche Virstouss géing der Kompetitivitéit vun Europa am internationalen Ëmfeld schueden.
Déi international Reegele fir d’Besteierung vun Entreprisë wäerte wahrscheinlech weider Upassungen an der Steierlandschaft mat sech bréngen. D’DP wäert d’Verhandlungen op europäeschem Niveau intensiv begleeden a sech fir d’Erhale vun der Kompetitivitéit vun der EU géintiwwer Drëttlänner asetzen.
D’DP wäert sech dofir asetzen, datt de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg steierlech attraktiv bleift, fir den Entreprisen d’Schafe vun Aarbechtsplazen a vun Innovatiounen z’erlaben. Well d’Besteierungsbasis vun Entreprisen am Kontext vun internationale Reegelen erweidert gëtt, wäert d’DP de Betribs-Steiersaz an d’Besteierung vun Dividenden no ënnen upassen. D’DP wäert de globale Steiertaux vu 26,1% un d’Moyenne an Europa an an den OECD-Länner upassen.
D’Steierreform an dëser Legislaturperiod huet d’Steierlaascht vu klenge Betriber mat engem begrenzten Ëmsaz däitlech reduzéiert. Domadder sollte besonnesch déi jonk an innovativ Betriber gefërdert ginn. Esou wéi an dësem Modell, wäert d’DP mëttelstännegen Entreprisen, mat enger begrenzter Zuel u Personal a mat engem begrenzten Ëmsaz, ënnert d’Ärem gräifen an den IRC („Impôt sur le revenu des collectivités“) fir kleng a mëttel Entreprisë weider ofbauen.
Vill Entreprise bidden hire Mataarbechter zousätzlech Sachleeschtungen un. D’DP wäert déi steierlech Reegele fir Privatleit weider vereinfachen, besonnesch a Relatioun mat der Besteierung vun „avantages en nature“.
Fir jonk Start-uppen, och am Commerce an am Handwierk, den Zougang zu Finanzmëttel ze vereinfachen an déi Lëtzebuerger Wirtschaft ze stimuléieren, wäert d’DP Steiererliichterunge fir Privatleit aféieren, déi a jonk, innovativ Entreprisen investéieren. Dës Mesure erlaabt et jonke Lëtzebuerger Start-uppen, op Investitioune vu Privatleit zeréckzegräifen. Am Fall vun enger Participatioun vun dräi Joer hannerenaner, kritt de privaten Investisseur e Steierkredit an Héicht vun engem festgeluechten Deel vu sengem Invest. Déi Zomm muss e Minimum pro Entreprise erreechen an de Steierkredit gëtt pro Persoun a pro Joer gedeckelt. Zu Lëtzebuerg gëtt et schonn en éischte Mikrofinanzfong fir déi lokal Ekonomie. D’DP wäert de Prinzip vun de Mikrokreditter fir lokal Betriber verstäerkt fërderen.
D’DP wäert mat der entaméierter Moderniséierung vun der Steierverwaltung virufueren. D’Virdeeler vun de modernen Technologien (z.B. d’Schafe vun enger Smartphone-App) solle genotzt ginn, fir d’Servicer vun der Steierverwaltung nach méi userfrëndlech ze maachen.