The police in the north of the country

The personnel shortage in the police force is not new, and yet the situation seems to be particularly worrying in the north. In this context, MP André Bauler has submitted some specific questions to the Minister of Internal Security.

Datt et der Police de Moment u Personal feelt, ass gewosst. Ma et schéngt awer, wéi wa virun allem am Bezierk Norden d’Personaldecken zimmlech dënn wier.  

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  1. Wéi hunn sech d’Effektiver vun de Policebeamten am Bezierk Norden, virun allem och zu Dikrech, entwéckelt?
  2. Wéi vill Beamten, déi am Norden affektéiert sinn, sinn op aner Plazen detachéiert ginn?
  3. Wéi vill Beamte sinn de Moment am Laangzäitkrankeschäin?
  4. Wéi vill Beamte maache keen Aussendéngscht méi? Wat sinn d’Ursaachen dofir?
  5. Wéi vill Patrulle si pro Schicht op de jeeweilegen Déngschtstellen disponibel ?
  6. Wéi vill Beamte ginn an noer Zukunft am Bezierk Norden an d’Pensioun? Kënne si ersat ginn? 
  7. Wéi vill Beamte sollen am Bezierk Norden an den nächste Jore bäikommen?“

Answer

Ad 1.): Säit dem Akraafttriede vum Police-Gesetz vum 18. Juli 2018 bis zum 31. Dezember 2021 ass den Effektiv aus der Regioun Norden vun 184 Polizisten an de Karriären B1, C1 an C2 op 179 reduzéiert ginn. Den Effektif vum Kommissariat Dikkrech ass an der selwechter Period vun 48 op 45 erofgaangen.

Ad 2.): Aktuell ginn et an der Regioun Norden 179 Polizisten, dovunner sinn der 10 op aner Platzen detachéiert.

Ad 3.): De Moment sinn an der Regioun Norden 4 Leit am Laangzäitkrankeschäin.

Ad 4.): 6 Persounen dierfen den Ament keen Aussendéngscht maachen, dëst aus gesondheetleche Grënn.

Ad 5.): All Kommissariat mat 2 Roulementer muss souwuel op der Moies-, wei och op der Mëttesschicht 1 Patrull stellen. D’Kommissariater, déi mat 3 Roulementer funktionéiren, mussen 1-2 Patrulle stellen, jee nom Gesamteffektif vun der jeeweileger Déngschtstell. Domat huet d’Regioun Norden an der Theorie am Daag zu all Moment e Minimum vun 9 Patrullen a souwuel an der Nuecht wei och Weekends ee Minimum vun 5 Patrullen operationell. Duerch Spezialdingschter kënnt et allerdéngs och vir, dat de Minimum net garantéiert ka ginn.

Ad 6.): Just 1 Persoun huet bis elo vir d‘éischt Semester 2022 hier Pensiounsdemande gestallt. Dës Persoun gëtt natierlech ersat.

Ad 7.): Op den 1. Januar 2022 kritt d’Kommissariat Ettelbréck 1 Polizist bäi. Dono hänkt net nëmmen de Wuesstem vun der Regioun Norden, mee och dee vun deenen anere Regiounen an Unitéite vum NettoRekrutement vun der ganzer Police of.

Would you like this parliamentary question to be translated into English?

Share:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

More parliamentary questions

Would an awareness campaign against allergies be useful?

More and more people are developing allergies to food, pollen or mites. DP MP Carole Hartmann asked the responsible minister how the number of allergy sufferers has developed over the last ten years, whether an awareness campaign should be launched and when the announced pollen app will be available for those affected.

read more...

Modernising occupational medicine

There is a shortage of occupational physicians in our country. The coalition programme therefore provides for the modernisation of occupational medicine. DP MPs André Bauler and Carole Hartmann asked the Minister of Health how many occupational physicians are currently working in our country, what the age structure of the profession looks like and what the modernisation of occupational medicine could look like?

read more...