André Bauler

Triple A – E Wichtegen Atout vun der Finanzplaz

3 Froen un den André Bauler

André, um Radio, op der Tele an an den Zeitungen ass ëmmer nees rieds vum Triple A-Rating vu Lëtzebuerg. Kanns du eis als President vun der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber soen, firwat déi Bewäertung esou wichteg fir eist Land ass? 

AB: Wat no enger politescher Floskel klénge kéint, huet effektiv e groussen Afloss op eis Staatsfinanzen an op eis Finanzplaz. 

Déi Bewäertung – déi vun onofhängege Ratingsagencë gemaach gëtt – schätzt d’Kreditwierdegkeet vun engem Land an. Mam Rating gëtt festgehalen, mat wéi enger Warscheinlechkeet e Land seng Scholde bezuele kann, respektiv net bezuele kann. 

Dat ass ganz wichteg fir Investisseuren, déi esou virun allem de finanziellen an och de politesche Risiko vun engem Investissement – hei a Lëtzebuerger Staatsobligatiounen – aschätzen. 

Wat de Risiko méi grouss ass, wat de Rating méi schlecht ass, wat Lëtzebuerg also méi héich Zënsen un d’Investisseure bezuele muss. 

Lëtzebuerg huet de beschtméigleche Rating – den ominéisen Triple A – vun deem nëmmen ee Grappvoll aner Länner op der Welt profitéiert. 

Den Triple A erméiglecht dem Staat also fir kënne relativ bëlleg Suen ze léinen? 

AB: Jo, fir d’Käschte vun der Covid-Kris ze finanzéieren, konnt eist Land esouguer Scholde mat Negativzënsen (!) ophuelen. Dat heescht, datt de Staat méi Suen zur Verfügung gestalt krut, wéi en um Enn zeréckbezuele muss. De Staat ka wéinst dem Triple A also méi Sue fir Mesuren am Intressi vu senge Bierger ausginn. 

Den Triple A dréit awer och zur Attraktivitéit vun eiser Finanzplaz bäi. De Lëtzebuerger Staat profitéiert net nëmme vum Triple A wann e Sue léint, mee déi gutt Bewäertung huet och e positiven Impakt op d’Acteure vun der Finanzplaz. 

Et kann een deemno behaapten, datt déi virsiichteg Budgetspolitik vum Finanzminister Pierre Gramegna aus de leschte Joren hir Friichten dréit? 

AB: Absolut, schliisslech ass d’Staatsschold souguer virun der Kris liicht ofgebaut ginn an dat trotz Rekordinvestissementer an d’Zukunft. 2018 an 2019 hate mer nees zanter laangem budgetär Iwwerschëss am Zentralstaat. Déi Politik gëtt eis haut den néidege Sputt fir de Leit, de Betriber an den Independanten duerch déi schwiereg Zäiten ze hëllefen. 

Déi rezent Bestätegung vun eisem Triple A ass eng gutt Nouvelle a confirméiert, datt eis Staatsfinanze gesond sinn. 

Den Triple A ass eng wichteg Tromp vun eiser Finanzplaz a garantéiert, datt eist Land weider e seriöe Ruff an eng héich Kreditwierdegkeet op der Welt huet. 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...