Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi?

Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi? Ginn domadder d’Emissioune vun Zäregasen erof? Huet dat aner Konsequenzen op d’Ernierungssécherheet. Amerikanesch Wëssenschaftler hunn dozou eng Etude gemaach. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet de Landwirtschaftsminister gefrot ob hien dës Etude kenne géif an ob déi selwecht Konklusioune fir Lëtzebuerg gezu kéinte ginn ?

„Eng rezent amerikanesch Studie mam Titel „Contribution of dairy products to environment impacts and nutrional supplies from United States agriculture“ kënnt zur Konklusioun, datt eng Landwirtschaft ouni Kéi an den USA d’Emissioune vun Zäregasen nëmme geréngfügeg verréngere géif. D’Studie huet och analyséiert wat fir Auswierkungen eng alternativ Landbenotzung vun de Fudderflächen hätt. Dobäi hu si verschidden Zenarien analyséiert, wéi zum Beispill e komplett Ofschafe vun de Mëllechkéi oder och eng Vollweide-Haltung vun de Kéi ouni Mëllechproduktioun. Géifen d‘USA vollstänneg op d’Hale vu Mëllechkéi verzichten, géifen hir Zäregasemissioune just ëm 0,7% erofgoen. Gläichzäiteg wieren awer essentiell Nierstoffer just nach limitéiert verfügbar. De Wëssenschaftler no géifen all d’Zenarien, an deenen d’Emissioune reduzéiert ginn, och d’Disponibilitéit vun essentiellen Närstoffer reduzéieren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Ass dem Minister dës Etude bekannt?
  • Kann een d‘Konklusioun aus dëser amerikanescher Etude eventuell och op déi lëtzebuergesch Landwirtschaft iwwerdroen?
  • Gouf zu Lëtzebuerg och schonns analyséiert wat fir en Afloss d’Ofschafen, bzw. d’Verréngere vun de Mëllechkéi op d’Emissioune vun Zäregasen hätt?
  • Falls net, ass esou eng Etude geplangt, besonnesch och an Hisiicht op dat zukünftegt Agrargesetz wat d’Verréngere vum Véibestand virgesäit?“

Äntwert

Ass dem Minister dës Etude bekannt?

Et gi vill Etuden zu dësem Sujet. Dës Etude war eis net bekannt, méi mir hunn si mat vill Interessie gelies.

Kann een d’Konklusioun aus dëser amerikanescher Etude eventuell och op déi lëtzebuergesch Landwirtschaft iwwerdroen?

Aus der Siicht vun der lëtzebuerger Regierung ginn d’Erklärunge vum IPCC (“Intergovernmental Panel on Climate Change”) de wëssenschaftleche Kenntnisstand vollstänneg, ausgeglach an objektiv erëm. Den IPCC berécksiichtegt déi weltwäit verfügbar wëssenschaftlech Literatur. Déi Ausgeglachenheet, Zouverlässegkeet a Vollstännegkeet vun dem IPCC sengen Aussoe gëtt duerch detailléiert Prozedure mat engem méistufege Begutachtungverfaren an der Bedeelegung vun Experten aus der ganzer Welt sécher gestallt. Déi lëtzebuerger Regierung gesäit duerfir kee Grond, d’Aussoe vum IPCC zur anthropogener Erwiermung op der Grondlag vun enger eenzeler wëssenschaftlecher Studie ze revidéieren.

Den am Abrëll 2022 verëffentlechte Beitrag vun der Aarbechtsgrupp 3 vum IPCC (https://www.ipcc.ch/report/ar6/wg3/) zur Ofschwächung vum Klimawandel gëtt eng kloer Äntwert op d’Froen no dem Reduktiounspotenzial vum Secteur Land- a Forstwirtschaft an anere Landnotzungen (AFOLU) a vum Ernierungssystem. Ob globaler Ebene sinn 2019 ronn 15% vun de globalen anthropogenen Zäregasemissiounen aus dem AFOLU-Secteur a sinn eppes méi wei 30% vun den Zäregasemissiounen op den Ernierungssystem komm.

Den IPCC-Bericht kënnt zur Conclusioun, dass dës global Zäregasemissioune bis 2030 ëm 43% a bis 2050 ëm 84% am Verglach zu 2019 erofgesat musse ginn, fir d’global Erwiermung op 1,5°C ze begrenzen (Warscheinlechkeet iwwer 50%) mat kengem oder engem begrenzten Depassement, wéi am Klimagesetz vum 15. Dezember 2020 an dem Paräisser Accord virgesinn.

De Rapport weist och Léisungen, wéi dës Ziler kéinten erreecht ginn, a kënnt zur Conclusioun, dass grouss Verännerungen an alle Wirtschaftssecteuren, awer och Moossnamen zur Substitutioun vun der Nofroen néideg sinn, an dës sou séier wéi méiglech weltwäit ëmgesat musse ginn, fir d’Chance ze erhalen, d’global Erwiermung op 1,5°C ze begrenzen.

Déi am Rapport analyséiert nofrobedéngte Substitutiounsmoossnamen, zu deenen och d’Ëmstellung op eng gesond, ausgeglachen a nohalteg Ernierung(hei drënner méi Detailer), d’Reduzéierung vun de Liewensmëttelverloschter an -offäll souwéi och d’Verwendung vu Biomaterialie gehéieren, kéinten zu enger järlecher Reduzéierung vun de globalen Zäregasemissioune vun 2 bis 6 Prozent bäidroen. Doriwwer kënnen eng verbessert an nohalteg Bewirtschaftung vun der Notzfläch a vum Grëngland souwéi d’Kuelestoffbindungen an der Landwirtschaft (dat leescht ëmfaasst d’Bewirtschaftung vum Buedemkuelestoff an de Notzplanzen a Grëngland, Agroforstwirtschaft a Biokuel) zu enger weiderer Reduzéierung vun de globalen Zäregasemissiounen ëm 3-7% pro Joer bäidroen.

Eng “gesond a nohalteg Ernierungsweis” promovéiert all Dimensioune vun der Gesondheet an dem Wuelbefanne vun dem Eenzelen; si huet eng méi geréng Belaaschtung an Auswierkung op d’Ëmwelt; si ass zougänglech, bezuelbar, sécher a fair a si ass kulturell akzeptabel, wéi vun der Ernierung- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenegten Natiounen (FAO) an der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) beschriwwen. Dat verwennt Konzept vun der “ausgeglachener Ernierung” bezitt sech op Regimmer, déi souwuel planzlech Liewensmëttel, wéi z.B. Kären, Leguminosen, Uebst a Geméis, Nëss a Som wéi och déierlech Liewensmëttel enthalen, déi a widderstandsfäegen, nohaltegen an Zäregasaarme Systemer produzéiert ginn.

Den IPCC-Rapport wéist also däitlech, dass ee Wiessel zu enger gesonder a nohalteger Ernierungweis een net onwichtege Bäitrag ka sinn, fir d’Beméiungen zu der Andämmung vun den Zäregasen ze erreechen, déi noutwendeg wieren, fir déi global Erwiermung op 1,5°C ze limitéieren, wärend gläichzäiteg eng ausgeglachen a gesond Ernierung séchergestallt gëtt an ee Bäitrag zu den Ziler vun de Vereenten Natioune fir nohalteg Entwécklung, besonnesch dem Zil vun der Hongerbekämpfung, geleescht ka ginn.

Gouf zu Lëtzebuerg och schonns analyséiert, wat fir een Afloss d’Ofschafen, bzw d’Verréngere vun de Mëllechkéi op d’Emissioune vun Zäregasen hätt?

Et si Schätzunge gemaach ginn, wat d’Verréngerung vum Véibestand géif bréngen. 5% manner Véi wier equivalent mat 4% manner Zäregasen aus der Landwirtschaft. D’Landwirtschaft war 2020 fir knapps 8% vun de Gesamtemissioune vu Lëtzebuerg verantwortlech (Quell: NIR 2022; https://unfccc.int/documents/461887).

Falls net, ass esou eng Etude geplangt, besonnesch och an Hisiicht op dat zukünftegt Agrargesetz, wat d’Verréngere vum Véibestand virgesäit?

Et si Schätzunge gemaach ginn. An dës, wéi och aner Punkten, solle nei analyséiert ginn esou bal den Update vum Model fäerdeg ass. Deen, bedéngt duerch d’Uwendung vu neie Guidelines, déi bis nächst Joer ze applizéiere sinn, néideg ass.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...