„Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:
- Wéi vill Bëschbränn goufen an de Joren 2001-2021 hei zu Lëtzebuerg gezielt?
- Wat fir Regioune vum Land a wat fir e Genre vu Bësch si besonnesch betraff?
- Wéi vill Hektar Bësch si jeeweils bei dëse Bränn zerstéiert ginn?
- Wéi preparéiert sech de CGDIS fir Bëschbränn, déi an Zukunft méi dacks kéinten optrieden, ze bekämpfen?“