Gudde Mëtteg,

Zënter 12 Deeg ass Krich an der Ukrain, dat heescht 12 Deeg grousst Leed fir d’ukrainesch Populatioun. D’Ausmooss vun den Affer a vum materielle Schued sinn net genee bekannt, mä mat Sécherheet ass scho vill Misär entstanen.

D’Virgoe vu Russland a vu sengem President Putin ass inakzeptabel a muss eemol méi op d’schäerfst zréckgewise ginn. Et ass eng Violatioun vun elementare Mënscherechter a vun der Selbstbestëmmung vun enger Natioun. Wat stellt Russland sech vir? Wëll dat Land d’Weltuerdnung änneren? Grad vun esou engem Regime brauche mir eis jiddwerfalls keng Lektioune gefalen ze loossen.

Wann dëse Krich eppes a kuerzer Zäit bewisen huet, dann ass et déi enorm Solidaritéit an der NATO, der EU an doriwwer eraus vun eisen transatlantesche Partner. 

D’NATO ass eng Verdeedegungsgemeinschaft, a grad dës Kris weist wéi noutwenneg dat nordatlantescht Bündnis ass. D’Russe sinn iwwerrascht, datt elo op eemol d’NATO net obsolet an net gehierdout ass, neen, si erlieft eng Renaissance a wäert gestäerkt aus dem Konflikt erausgoen. 

Beispillhaft ass bis elo och d’Reaktioun vun der EU. Déi wirtschaftlech Sanktiounen hu gewisen, datt se militäresch Waffen ersetzen kënnen an d’russesch Ekonomie gëtt schonn am Häerz getraff. Ech denken z.B. un d’Aviatioun an un d’Zentralbank. Mä grad den Ausschloss vum Finanztransaktiounssystem Swift wäert enger Rei russesche Banken richteg wéi doen. An et soll wéi doen. D’DP begréisst all déi Mesuren an och de Verbuet vun de russesche Staatsmedien Russia Today a Sputnik.

Leider wäerten och mir dëse Krich wirtschaftlech ze spiere kréien. Zum Beispill wat d’Energiepräisser ubelaangt. D’Regierung huet jo scho reagéiert a 75 Milliounen Euro als Hëllef zur Verfügung gestallt. Mat enger zousätzlecher Energieprimm fir déi Stéit, déi d’Allocation de vie chère kréien, huet d’Familljeministesch Corinne Cahen kloer Akzenter a Richtung vun deene Leit gesat, déi et am néidegste brauchen.

Eist Matgefill gëllt an dëse Stonnen dem ukrainesche Vollek. Dofir muss och eng grouss militäresch Hëllef garantéiert sinn. Et ass lueweswäert, datt eng Rei Länner elo Material un d’Ukrain geliwwert hunn. Och eis Arméi stellt jo ënnert anerem 100 Panzerofwierwaffen, Jeepen an Zelter zur Verfügung. D’DP fënnt et och bemierkenswäert, datt d’EU 500 Milliounen Euro fir Waffen a fir aner Ausrüstung virgesäit. Déi Sue komme jo aus dem neie Fong Friddensfacilitéit.

Natierlech muss trotz Asaz vu Waffen nach d’Diplomatie aktivéiert bleiwen. D’Russe wëlle jo elo den Friddensstëfter spillen. Dem Putin ass natierlech net méi ze trauen an et muss ee ganz vigilant sinn.  Et soll all Effort gemaach ginn, fir deen Här am eegene Land ze schwächen. Also mussen d’Oppositiounsstréimungen ënnerstëtzt ginn, fir datt de Regime fréier oder spéider zesummebrécht.

Et schéngt jo och esou ze sinn, datt déi russesch Invasioun hannert hiren Erwaardunge bleift. Dat ass och op déi couragéiert Géigewier vun den Ukrainer zréckzeféieren. Ee Grond méi, fir si massiv z’ënnerstëtzen.

Léif Nolauschterer,

Déi westlech Communautéit muss weider haart vis-à-vis vu Moskau bleiwen. D’Sanktioune sollen esou laang a Kraaft, respektiv nach ausgebaut ginn, bis 3 Konditiounen erfëllt sinn:

  1. De leschte russeschen Zaldot muss ukraineschen Terrain verlooss hunn;
  2. D’Ukrain muss hir komplett Selbstbestëmmung behalen a selwer decidéieren, wéi ee Bündnis se wëll an Zukunft agoen;
  3. Russland muss fir all mënschlechen an materielle Schued opkommen.

Datt de Putin och nach mat atomare Waffen dreet, ass méi wéi ongehaierlech. All déi fräiheetlech gesënnte Länner mussen dofir grad elo zesummestoen, an de Russe weisen, datt si ze wäit gaange sinn an dofir d’Konsequenzen droe mussen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...