Dali Zhu & Alex Flammant

Zwee nei DP-Conseilleren

Dali ZhuConseiller an der Gemeng Conter

Den 32 Joer alen Dali Zhu ass geléierte Statistiker an Ökonometriker. Hien huet 4 Joer als Risk Manager am Bankesecteur geschafft. D’lescht Joer huet hien de Familljebetrib doheem iwwerholl. Hien ass Member vum Cercle Amicale des Oeuvres du Rotary a Vizepresident vun der International Association of story-telling and story-singing Arts, enger Associatioun, déi sech em kulturell Echangen tëscht China an Europa beméit a Spektakelen organiséiert.

Dali Zhu

Dali, firwat hues du dech politesch engagéiert a firwat bei der DP?

Et war eng intuitiv Decisioun, well meng Famill aus dem wäiten Oste kënnt a Lëtzebuerg eis mat oppenen Äerm empfaangen huet. D’Land – a virun allem d’Gemeng Conter – hu menger Famill d’Chance ginn, fir eis z’integréieren an eis hei eng Existenz opzebauen. Et war héich Zäit fir Lëtzebuerg a menger Gemeng eppes zeréckzeginn. De Choix fir d’DP war fir mech vun Ufank u kloer! Eng weltoppe Partei mat gesellschafts- a wirtschaftsliberalen Iddien. Eng Philosophie, zu där ech zu 100% stinn.

Wat sinn deng Prioritéiten als Gemengeconseiller?

Als jonke Politiker gesinn ech meng Prioritéit doranner, fir konstruktiv un de Projeten an der Gemeng matzeschaffen, de Leit nozelauschteren an déi jonk a liberal Iddien am Gemengerot ze vertrieden.

Wat gefält dir am beschten zu Conter?

Eis Gemeng ass ganz villfälteg. Vun enger innovativer Industriezon, enger wonnerschéiner Natur, enger multikultureller Populatioun, engem wuessende Wunnengsbau, engem liewege Commerce bis hin zu gudde Restauranten. Wat wëll ee méi?

Alex FlammantConseiller an der Gemeng Waldbriedemes

Den Alex huet 39 Joer a schafft am Cabinet vum Logementsministère. A senger Fräizäit schafft hie gär ronderëm d’Haus an entdeckt gär nei Plazen. Den Alex ass och zanter Joren am Regionalcomité vun der DP am Osten engagéiert.

Alex Flammant

Alex, firwat hues du dech politesch engagéiert a firwat bei der DP?

D’DP steet fir Demokratie, Oppenheet, Solidaritéit a Modernitéit. Dat si Wäerter, no deenen ech selwer ëmmer gelieft hunn. An d’Politik sinn ech gaangen, well ech hëllefe wëll, eist Doheem ze verbesseren an eist Land gutt fir d’Zukunft opzestellen.

Wat sinn deng Prioritéiten als Gemengeconseiller?

Et ass fir mech ganz wichteg, d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng héich ze halen. Dozou gehéieren d’Verbesserung vum Transport, eng nohalteg Entwécklung an d’Fusioun mat der Gemeng Bous. Am Gemengerot kann een aktiv matschaffen a seng Iddien abréngen, fir eng méi flott a liewenswäert Gemeng ze schafen.

Wat gefält dir am beschten an denger Gemeng?

Mir hunn d’Chance an enger schéiner ländlecher Gemeng ze wunnen, déi och nach ganz gutt läit. D’Awunner kenne sech a mir hunn eng ganz frëndlech Atmosphär bei eis.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...