Digitalkongress 2021

DP Digitalkongress 2021

D’Demokratesch Partei organiséiert de 26. Abrëll 2021 um 19:00 Auer hiren Digitalkongress.

D’DP bitt de Participante vum Kongress eng Live-Iwwersetzung op Franséisch, Däitsch, Englesch a Gebäerdesprooch un.

Nieft dem ordinäre Kongress fënnt parallel en extraordinäre Kongress statt. De Comité directeur vun der DP proposéiert dësem extraordinäre Kongress fir de Lëtzebuerger Journal als Parteiorgan aus de Statuten ze sträichen.

Membere vun der DP kënnen interaktiv um Kongress deelhuelen, an den Event gëtt och live op Youtube a Facebook iwwerdroen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...