Fërderung vu Lëtzebuerger Produiten duerch staatlech Firmen?

Et ass den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann zougedroe ginn, dass d'Luxair franséische Schampes op hire Flich zerwéiere géif. Déi zwee Ost-Deputéiert hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier Lëtzebuerger Cremant a Wäiner iwwer Firmen, wou de Staat Haaptaktionär ass, ze fërderen?

« Et ass ons zougedroe ginn, dass d’Luxair, bei där de Lëtzebuerger Staat ëmmerhin Haaptaktionär ass, op hire Flich franséische Schampes zerwéiert, a méi genee eng « Cuvée spéciale Luxair ».

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

– Kënnen déi Häre Ministeren dës Informatioun bestätegen ?

– Wa jo, no wat fir Krittäre gouf d’Entscheedung geholl, kee Lëtzebuerger Cremant méi u Bord ze zerwéieren ?

– Ass virgesinn, an Zukunft mat enger oder méi Lëtzebuerger Kellereien zesummen ze schaffe fir lëtzebuergesche Cremant a Lëtzebuerger Wäin ze zerwéieren ?

– Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et sënnvoll wier lëtzebuergesch Produiten iwwer Firmen, un deenen de Staat Participatiounen hält, méi staark ze fërderen ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...