Neie Vëloswee tëscht Walfer an Dummeldeng: Firwat net op der ganzer Streck?

Tëscht Walfer an Dummeldeng soll bis d'nächst Joer ee vum Stroosseverkéier getrennte Vëloswee gebaut ginn. Leider gëtt deen awer nëmmen 1 Kilometer laang, dat geféierlech Stéck duerch d'Kromm Längte mussen d'Vëlosfuerer weider op der Strooss fueren. Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dat sou ass an ob net och virgesinn ass, fir de Rescht vum Wee bis op Walfer méi sécher ze maachen.

« Wéi aus engem rezenten Zeitungsartikel ervirgeet, soll bis Ufank 2022 op engem Deelstéck vum PC15 tëscht Dummeldeng a Walfer ee vum Stroosseverkéier getrennte Vëloswee realiséiert ginn. Allerdéngs soll dee Vëloswee just op enger Längt vun engem Kilometer gebaut ginn, an zwar vun der Dummeldenger Gare bis bei de Beggener Park (rue Jean-Baptiste Nothomb). Duerno mussen d’Vëlosfuerer Richtung Walfer nees op déi vill befuere rue Henri Dunant eriwwer.

Besonnesch dëst Deelstéck duerch d‘Kromm Längten ass wéinst der laang gestreckter Kéier kuerz viru Walfer relativ geféierlech fir d’Vëlosfuerer. Reegelméisseg kënnt et hei zu riskanten Iwwerhuel-Manöver vun Automobilisten.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Firwat hält de geplangte Vëloswee an der rue Jean-Baptiste Nothomb op ?
  • Ass virgesinn, de Rescht vun der Vëlospist PC15 tëschent Walfer an dem Beggener Park och méi sécher ze maachen ? Goufen sech schonns Gedanke gemaach iwwert en eventuellen Tracé (z.B. weider laanscht d’Gleisen oder e separate Vëloswee laanscht d’rue Henri Dunant) ? Wa jo, wat fir en Tracé wier fir de Minister déi beschte Léisung a fir wéini kéint dës realiséiert ginn ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...