Geféierlech Manöver am Verkéier um Fridhaff

Reegelméisseg kënnt et zu geféierleche Manöver um Fridhaff, wa Chauffeuren d'Op- an Offaartbretellen notze fir de Stau op der N7 ze ëmfueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, ob d'Police an deem Kader net méi Kontrolle misst maachen.

Mir ass vu besuergte Bierger gesot ginn, datt et de Moment reegelméisseg duerch de Chantier vun der neier Aktivitéitszon ZANO um Fridhaff (B7) zu geféierleche Manoeuvre am Trafic kënnt – ganz besonnesch, wann de Feierowendverkéier ufänkt.

Sou géifen eng Rei Chauffeuren d’Opfaart- resp. Offaartspueren als Iwwerhuelspuer benotzen, mam Resultat, datt et zu kriteschen Incidente ka kommen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Ass den Här Minister au courant vun dëse Praktiken? Gi reegelméisseg Kontrolle gemaach?
  • Wann net, ass den Här Minister gewëllt, Kontrollen duerchféieren ze loossen, besonnesch zu deene Stonnen, wou den Trafic méi intensiv ass?“

Äntfert vum Här Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet op d’parlamentaresch Fro n° 5292 vum 24. November 2021 vum honorabelen Députéierten André Bauler

Ad 1): Wärend de Stousszäiten kënnt et op dëser Plaz reegelméisseg zu Stau. An der aktueller Bauphas vum Chantier um Friedhaff stellt d’Police folgend Iwwerhuelmanövere fest: – d’Chaufferen iwwerhuelen riets iwwert eng Spuer, déi am Ament fir esou Manövere gespaart ass, – d’Automobilisten iwwerhuelen op den Opfaarten respektiv op den Offaarten. Vill Automobilisten fuere léiwer vun der B7 eroof, fir eng 400 Meter méi wäit nees eropzefueren an esou eng Partie vum Stau z’evitéieren. Dës Manövere sinn erlaabt.

Ad 2): Et ass der Police kee rezenten Accident op dësem Tronçon bekannt, deen an Zesummenhang mam Chantier géif stoen. Trotzdem mécht d’Police sporadesch statesch a mobil Kontrollen souwäit dat méiglech ass. D’Situatioun gëtt och suivéiert mee d’Konfiguratioun vum Site an d’Bauaarbechte maache repressiv a preventiv Policekontrolle relativ schwéier a souguer geféierlech. D’Vitesslimitatioun op 70 km/h hëlleft awer de Risk vun Accidenter op dëser Plaz ze reduzéieren

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...