Diabetes

Besteet een Enkpass beim Medikament Ozempic?

D’Medikament Ozempic gëtt bei der Behandlung vun Diabetes Type 2 agesat. Et hëlleft awer och beim Ofhuelen a gëtt ëmmer méi heefeg och dofir kaf. Well a sou munche Länner scho vun engem Enkpass bei dësem Diabetikermedikament geschwat gëtt, hunn d’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum bei den zoustännege Ministeren nogefrot, woufir d’Medikament hei am Land haaptsächlech genotzt gëtt, ob et och hei zu engem Enkpass komme kéint, an ob een den Dokteren an Apdikter recommandéiere sollt, Ozempic just nach bei Diabetes Type 2 erauszeginn.

Fro

„Et ass eis gesot ginn, datt ee d’Medikament mam Numm „Ozempic“, dat géint Diabetes vum Type 2 agesat gëtt, och geholl gëtt fir iwwergewiichtege Leit ze hëllefen ofzehuelen. Am éischte Fall gëtt et ganz rembourséiert, am zweete Fall ass et net gratis. Well dat Medikament och beim Gewiichtsverloscht hëllefe kann, ass et a munche Länner esou gefrot, datt et zu Enkpäss kënnt. An Australien ass et z.B. bis Mäerz 2023 net méi ze kréien.  

Aus deem Grond wollte mer der Madamm Gesondheetsministesch an dem Här Sozialminister follgend Froe stellen :

  • Wéi vill verschidde Medikamenter ginn hei am Land géint Diabetes verschriwwen an a wat fir enger Zuel?
  • A wat fir engem Mooss ginn déi Medikamenter oder dat spezifescht Medikament géint Iwwergewiicht agesat?
  • Kann dës alternativ Notzung dozou féieren, datt et zu Lëtzebuerg Enkpäss an der primärer Notzung gëtt ?

Verschidde Länner, dorënner d’Belsch, recommandéieren hiren d’Dokteren an Apdikter d’Medikament „Ozempic“ just nach bei Diabetes erauszeginn fir eventuell Enkpäss ze vermeiden.

  • Sinn d’Ministeren der Meenung, datt een dës Recommandatioun och zu Lëtzebuerg sollt un d’Dokteren an d‘Apdikter weiderginn? Wann net, aus wéi enge Grënn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...