Unerkennung vum “Notfallsanitäter” fir géint de Personalmangel am Gesondheetswiese virzegoen?

Virum Hannergrond vum Personalmangel an de Gesondheetsberuffer, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann nogefrot, ob et net eng Iddi wier déi däitsch Qualifikatioun vum "Notfallsanitäter" zu Lëtzebuerg unzëerkennen, wouduerch méi Leit aus dem Grenzgebitt a Fro géife komme fir agestallt ze ginn. Donieft wollte si wësse wou d'Aarbechten um SAP3 dru wieren.

„An Däitschland gëtt et zënter enger Rei Joren d’Beruffsbild vum „Notfallsanitäter“, dee mat enger Formatiounsdauer vun 3 Joer déi héchsten „nicht-ärztliche“ Qualifikatioun am Rettungswiesen duerstellt an zu de sougenannte „Gesundheitsfachberufen“ gehéiert.

Notfallsanitäter dierfen invasiv Mesuren um Patient duerchféieren, wéi z.B. intravenös an intraossär Zougäng leeën, an och eng ganz Partie u Medikamenter ginn. Notfallsanitäter ginn dowéinst net just am Rettungsdéngscht agesat, mee och ënner anerem an den Urgencë vu Spideeler.

Zu Lëtzebuerg ass d’Qualifikatioun vum Notfallsanitäter aktuell net unerkannt, quitt dass et an der Grenzregioun eng Rei Leit mat dëser Qualifikatioun gëtt, déi dozou bäidroe kéinten de Mangel u qualifizéiertem Personal am Rettungs- a Gesondheetswiesen ze reduzéieren.

Donieft ass aktuell déi héchstméiglech Formatioun am Rettungsdéngscht de sougenannten „Secours à personne niveau 2“ (SAP2). Et geet awer säit 2017 riets vun engem weideren Niveau, dem SAP3.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch an der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Ass virgesinn, de Beruff vum Notfallsanitäter zu Lëtzebuerg unerkennen ze loossen? Wann net, firwat net?
  • Wou sinn déi aktuell Planungen betreffend de SAP3 drun?
  • Wéini ass domadder ze rechnen, datt dësen agefouert gëtt?
  • Wéi eng Kompetenze sollen d’Leit kréien, déi dës Formatioun ofgeschloss hunn?
  • Ass et denkbar, Leit mat der Qualifikatioun SAP3 respektiv Notfallsanitäter an den Urgencë vun de Spideeler anzesetzen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...