Evaluatioun vun der Adem-Reform

Virun iwwer 10 Joer gouf d’Adem reforméiert. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dozou beim Aarbechtsminister nogefrot, ob eng Evaluatioun vun dëser Reform duerchgefouert gouf, wéi vill Beruffsprofiller et bei der Agence ginn a wéi vill « Demandeurs d’emploi » a Weiderbildungen vun der Adem ageschriwwe sinn.

Fro

Virun iwwer zeng Joer ass d’Adem via Gesetz reforméiert ginn. Aus der “Administration de l’Emploi” ass deemools eng Agence ginn, d’”Agence pour le développement de l’Emploi”. 

An deem Kontext wollt ech dem Här Aarbechtsminister follgend Froe stellen:

  • Ass schonn eng Evaluatioun vun dëser Reform duerchgefouert ginn? Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen aus dëser Analys? Wann nee, wéini kéint esou eng Evaluatioun an d’Weeër geleet ginn?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun den Agenten, déi bei der Adem schaffen, zanter der Reform entwéckelt? Wéi eng verschidde Beruffsprofiller gëtt et bei der Agence? Wéi vill sinn der am Statut vum Staatsbeamten an dem “Employé public” engagéiert?
  • Wéi vill “Demandeurs d’emploi” sinn aktuell an de Weiderbildunge vun der Adem ageschriwwen – speziell am Programm « Fit for digital »?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...