Aféierung vum E-Voting fir d’Chamberwalen 2028

„Stop the count!“ – dräi Wierder, déi kierzlech fir Onverständnis a Roserei uechter d’Welt gesuergt hunn.

Keng zwee Deeg no den amerikanesche Presidentschafts-Walen huet den Donald Trump nämlech gefuerdert, fir d’Ziele vun de Stëmmen ze stoppen, well seng Avance an de Swing States mat de Bréifwalstëmmen no an no geschmolt ass. Schliisslech huet et véier Deeg gedauert, bis den Joe Biden President elect wor. Deen Delai léisst sech och doduercher erklären, datt d’Bréifwalstëmmen a verschiddenen US-Staaten – anescht wéi zu Lëtzebuerg – och da matgezielt gi sinn, wa se eréischt e puer Deeg nom Waldag ukomm sinn.

2018 ass d’„Briefwahl für alle“ hei am Land agefouert ginn. Zënterhier kann all Wieler mat Bréifwiel ofstëmmen – ouni mussen eng Ursaach ze hunn. E grousse Succès, well bei de leschte Chamberwalen hunn duebel esou vill Leit mat Bréif ofgestëmmt, ewéi virdrun. Bei Wieler-innen, déi zu Lëtzebuerg liewen, fonctionéiert d’Bréifwal an der Reegel ouni Problem.

Gläich Rechter fir all Stëmm

Bei deene Wieler-innen, déi net zu Lëtzebuerg sinn, gesäit et dogéint anescht aus. Dat gëllt z.B. fir déi sëllege Lëtzebuerger Student-inn-en am Ausland. Si kréien hir Ënnerlage reegelméisseg eréischt an der Woch virun de Wale geschéckt. Dat geet dann dacks net méi duer, fir datt de Stëmmziedel mat Zäit doheem ukënnt, zemools wann de Vott vu London, Wien oder Münche fortgeschéckt ginn ass.

Bei de leschte Chamberwale sinn esou iwwer 5% vun de Bréifwalziedelen ze spéit am Walbüro ukomm. Dat sinn iwwer 2.000 Wieler-innen – zimmlech vill, wann ee bedenkt, datt et bei der Reschtsëtz-Verdeelung dacks op manner ewéi 100 Stëmmen ukënnt.

D’JDL fuerdert dofir d’Aféierung vum elektronesche Vott, dem sougenannten E-Voting. Esou kréien ë.a. d’Wieler-innen, déi am Ausland wunnen, et méi einfach, fir hir Stëmm ofzeginn. Den elektronesche Vott soll awer just eng zousätzlech Méiglechkeet sinn, fir seng Stëmm ofzeginn. An de System soll net nëmmen online ginn, mee och am Walbüro selwer méiglech bleiwen. D.h., de klassesche Stëmmziedel an och d’Bréifwal sollen net ofgeschaaft ginn.

Estland huet 2005 als éischt Land op der Welt d’Méiglechkeet agefouert, fir online ofzestëmmen. Ronn 44% vun den estnesche Wieler-innen hu bei de leschte Parlamentswalen dovunner profitéiert. Fir datt keng Drëttpersoun kann Afloss op een/eng Wieler-in huelen – e Risk, deen et och bei der Bréifwal gëtt – kann de Stëmmziedel wärend der Internet-Walphas ëmmer erëm nei ausgefëllt ginn, woubäi nëmmen de leschte Stëmmziedel gëllt.

Den E-Voting géif iwwerdeems hëllefen, datt manner Stëmmziedelen ongülteg sinn. Sou mécht de System de/d’ Wieler-in z.B. drop opmierksam, wann en/si ze vill Stëmme verdeelt huet, well en/si eventuell nieft der Lëscht och nach Käpp ugekräizt oder sech verzielt huet. Ronn 4% vun de Stëmmziedele waren nämlech bei de leschte Chamberwalen zu Lëtzebuerg ongülteg. Dat si bal 10.000 Wieler-innen. An Däitschland läit den Taux bei just engem Prozent. Allerdéngs ass den däitsche Walsystem och vill méi einfach ewéi de lëtzebuergeschen.

E wichtegen Aspekt bei Walen – a besonnesch beim E-Voting – ass natierlech d’Sécherheet. D’Walgeheimnis muss geschützt bleiwen, de System muss fiabel sinn an et dierfe keng Manipulatioune méiglech sinn. Nëmmen esou gëtt den E-Voting vun de Wieler-innen akzeptéiert.

Eng Méiglechkeet dofir kéint d’Blockchain-Technologie sinn. Hei kënnen d’Wieler-innen hir Stëmm duerch en elektronesche Schlëssel ofginn, dee si am Virfeld vun enger zentraler Autoritéit geschéckt krut hunn. All Kandidat-in huet dobäi eng Zort Kont, op deem seng/hir Stëmme gezielt ginn. All Wieler-in kritt eng Kopie vum Ofstëmmungsprotokoll, deen am Prinzip ka kontrolléiert ginn, wat eng Manipulatioun extrem schwiereg bis onméiglech mécht.

Et sief preziséiert, datt een déi néideg informatesch Kenntnisser muss hunn, fir déi Kontroll kënnen ze maachen. Deen Check beschränkt sech och net méi reng op déi staatlech Autoritéiten, wéi dat haut de Fall ass. Wichteg ass, datt d’Identitéit vum/vun der Wieler-in och an Zukunft – a mat méi performante Computeren ewéi haut – verschlësselt bleift.

Dofir fuerdert d’JDL d’Aféierung vum E-Voting och eréischt fir déi iwwernächst Chamberwalen 2028. Deen Ament géing genuch Zäit bleiwen, fir e sécheren E-Voting-System fir Lëtzebuerg op d’Been ze stellen.

Lou Linster

Vizepresident vun der JDL, Ingenieur a Gemengeconseiller zu Leideleng

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Yuriko Backes

Yuriko Backes – déi nei Finanzministesch

Als Finanzministesch ass et eng natierlech Prioritéit, dofir ze suergen, datt ons Staatsfinanze weider gesond bleiwen. Da kënne mir nämlech onst Land gezielt op d’Zukunft virbereeden, an zwar andeems mir an déi nohalteg an an déi digital Entwécklung investéieren.

Klimabiergerrot

Am Kader vu senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel d’Iddi vun engem Klimabiergerrot lancéiert. Enn Januar ass et du lassgaang: An der éischter vu ronn 15 Reunioune sinn d’Membere fir d’éischt  iwwert den aktuelle Stand der Dinge a Saache Klimapolitik informéiert ginn.

Xavier Bettel

Fokus op Sozial Kohäsioun

A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel déi sozial-liberal Richtung vun der Regierung mat weideren Hëllefen am soziale Beräich ënnerstrach.

Gilles Baum

Prost op eise gudde Lëtzebuerger Wäin a Cremant

Kierzlech huet de Gilles Baum eng Interpellatioun zum Lëtzebuerger Wäibau ugefrot. An den Ae vum Ost-Deputéierten ass de Wäibau net nëmmen e wichtege Wirtschaftsfacteur fir eist Land, ma den traditionelle Savoir-Faire ass och en Deel vum nationale Patrimoine. Dofir ass et der DP och wichteg, datt d’Chamber sech reegelméisseg mat deem Sujet befaasst.

Am Spotlight: Sheila Schmit

D’Sheila Schmit huet definitiv hire Wee fonnt. Si huet sech virun 2 Joer komplett als liberal Hiewan selbststänneg gemaach. Virdrun huet si ë.a. 15 Joer am Escher Spidol geschafft. Ma si war ës ebemol midd mat de Schichten, mat der Organisatioun am Spidolswiesen a mat den Aarbechtskonditiounen.