D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

A béide Fäll hätten d’Regierung an d’Majoritéit um Krautmaart konsequent gehandelt an d’Solidariéit vis-à-vis vun deene Leit spille geloosse, déi am meeschten ze leiden hunn.

Esou hätt eist Land direkt deenen Ukrainer d’Dieren opgemaach, déi bei sech doheem neméi sécher waren. A vum Tripartite-Accord géingen zemol eis Bierger mat de méi schmuele Schëllere profitéieren.

Aus der annoncéierter, grousser Steier-Reform géing direkt emol näischt ginn, huet de Gilles Baum ënnerstrach, ganz einfach, well d’Suen den Ament fir aner Saache gebraucht ginn. Eng Steierreform mat Scholden ze finanzéieren, dat kéim mat der DP op alle Fall net a Fro.

D’DP-Fraktioun géing am Géigendeel fir eng responsabel a wäitsiichteg Budgets- a Steierpolitik stoen – ouni déi vulnerabelst Memberen an eiser Gesellschaft ze vergiessen.

Genee esou wichteg fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft ass fir de liberale Grupp an der Chamber awer d’Lutte géint de Klimawandel. Mir mussen den nächste Generatiounen e liewenswäerte Planéit hannerloossen, huet de Gilles Baum an enger Rei mat senge Chamberkolleege betount: Net fir muer, net fir iwwermuer, Neen, dat muss direkt geschéien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...