Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn. 

Den Educatiounsministère huet dëst Joer fir d’éischte Kéier d’Initiativ Kannerwoch lancéiert. Am Mee hunn dofir iwwer 100 Bildungs- a Betreiungsstrukturen hir Dieren opgemaach an den Elteren hir grouss Palett un Aktivitéite presentéiert. Vun der Rentrée 2022/23 u ginn d’Maisons relaise fir d’Kanner gratis. Esou gëtt d’Recht vun all Kand op eng héichwäerteg Bildung garantéiert, an zwar onofhängeg vum Akommes vu sengen Elteren.

Genee wéi déi net-formal Bildung ass och de Museksunterrecht immens wichteg fir d’Entwécklung vum Kand a vum Jugendlechen. D’Musek, den Theater an den Danz fërderen net just déi kognitiv Fäegkeeten, ma stäerken och déi sozial Kompetenzen.

Schonn am leschte Walprogramm huet d’DP sech dofir agesat, datt d’Museksschoule fir déi Jonk zougänglech ginn. Déi musikalesch Bildung soll kee Privileeg fir gutt situéiert Famillje sinn, mee e Recht fir alleguerten d’Kanner. Vun der nächster Schoulrentrée un, wäert dofir e groussen Deel vun de Musekscourse gratis ginn. Domat dréit d’Schoulpolitik vun der DP  an Zukunft zu méi Chancëgläichheet an zu méi Bildungsgerechtegkeet bäi.

Mam neie Jugendpakt 2022-2025 huet den Educatiounsministère een ëmfaassenden Aktiounsplang op d’Bee gestallt, fir d’Wuelbefannen an d’Zukunftsperspektive vun de Jonken ze garantéieren. Déi mental Gesondheet, d’Resilienz, den Engagement an d‘Stäerkung vun de sozio-emotionale Kompetenze vun de Jonke stinn dobäi am Virdergrond. 

Mam Jugendpakt setze mir en Zeechen an ee verbindleche Kader, fir aus staarke Jonke staark Erwuessener ze maachen, esou den Bildungsminister Claude Meisch.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Lutte géint haislech Gewalt

Den 28. Abrëll 2025 huet de Centre National pour Victimes de Violences (CNVV) seng Diren opgemaach. An den éischten 11 Méint konnt 389 Affer vun haislecher Gewalt do gehollef ginn. Dat sinn 389 Schicksaler, déi ënnersträichen, wéi wichteg dës Ulafplaz ass.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Walen an Ungarn, d’Lutte géint haislech Gewalt a kulturell a kreativ Aktivitéiten an der Schoul.

weiderliesen...