Julie Bruckler - Chanceglaichheet

Chancëgläichheet – D’Situatioun zu Lëtzebuerg

D’DP huet viru kuerzem festgehalen, dass eng nohalteg Entwécklung vun eisem Land net méiglech ass, ouni d‘Chancëgläichheet méi an de Virdergrond ze réckelen. Chancëgläichheet ass e breetgefächerte Begrëff, well en all Facette vum Liewe betrëfft.

Ma wat versti mir eigentlech ënner „Chancëgläichheet“? Chancëgläichheet soll déi selwecht Chance fir all Matbierger/-In garantéieren, onofhängeg vu sozio-kulturellen, sozio-ekonomeschen oder physesche Facteuren. All Mënsch soll also déi selwecht Chancen hunn, fir dat bescht aus sengem Liewen ze maachen, fir seng Talenter auszebauen an ze notzen.

Dat bedeit an engems, dass kee Mënsch soll wéinst sengem Glawen, senger Hierkonft, sengem Ausgesinn oder engem Handicap benodeelegt ginn.

Wéi gesäit d’Situatioun dann elo zu Lëtzebuerg aus? Jo, et stëmmt, dass mir a villen Hisiichte gutt positionéiert sinn: sief et op wirtschaftlechem, sozialem oder op kulturellem Niveau. Lëtzebuerg ass dacks d’Nummer 1 vun den developpéierte Länner.

A Punkto Chancëgläichheet huet den Asaz vun der DP z.B. zur Méiglechkeet vum gläichgeschlechtleche Bestietnis geféiert a mir hunn en engagéierte Familljeministère, deen ënnert anerem fir d’„Personnes à besoins spécifiques“ zoustänneg ass.

Weider si vill Initiative fir en „Design for all“ emgesat ginn, ewéi d’„Leichte Sprache“ a Projeten, fir d’Mobilitéit an d‘Accessibilitéit vun all Matbierger/-In ze verbesseren. Dozou zielen déi progressiv Upassungen am ëffentleche Beräich, fir dass Leit mat engem Rollstull, engem Rollator, enger Poussette oder enger Siichtaschränkung méi mobil sinn.

Ausserdeem ass e Gesetzestext proposéiert ginn, deen d’Accessibilitéit vun ëffentleche Gebaier reglementéiere soll. Bis ewell hunn d’„Bagger-Weieren“ heizou e positiivt Beispill geliwwert, andeems Adaptatioune fir d’Accessibilitéit vu Leit mat engem Rollstull gemaach gi sinn an en „Aqua-Rollstull“ do disponibel ass.

Et bleift weider wichteg, fir de Leit aus alle soziale Schichten den Zougang zu den ëffentleche Bildungs- a Kulturinfrastrukturen ze garantéieren, wou spéider och eng Ausbildungsplaz dobäi kënnt. Dat Recht gëllt fir all Matbierger/-In – onofhängeg vum hirem Geschlecht, hirer sexueller Orientéierung, hirem Ausgesinn, hirem Glawen oder vun enger kierperlecher Aschränkung.

Verbesserungsbedarf besteet nach bei der Gläichstellung a Gerechtegkeet tëscht Männer a Fraen, wat d’Paritéit vun de Paien op der Aarbecht betrëfft. Esou verdéngt eng Fra zu Lëtzebuerg an der Moyenne 94 Cent, wärend e Mann fir déi nämmlecht Aarbecht 1 Euro kritt. Hei ass eng Paritéit fir d’Joer 2027 geplangt, ma mir sollten déi Entwécklung aktiv begleeden.

En anere Problem sinn déi geschlechtlech Stereotyppen am Beruff: Männer sinn am sozio-edukative Beräich ënnerrepresentéiert a Frae si seelen am Finanzsecteur ze fannen.

Fir dës Trenden z‘änneren a méi e gerechten Equiliber ze schafen, musse mir d’Leit besser informéieren a sensibiliséieren.

Mir sollten domadder schonn am jonken Alter an de Betreiungs- an an de Bildungsinfrastrukturen ufänken, ma och am Beruffsliewe selwer aktiv sinn. Ech si mer wuel bewosst, datt mir eis zu Lëtzebuerg dacks op héijem Niveau beschwéieren, ma et gëtt ëmmer nach Sputt no uewen, fir d’Liewensqualitéit vun all de Bierger ze verbesseren.

Fir all déi Virsätz ëmzesetzen, brauche mir e kollektiven Effort, Informatioun, Sensibiliséierung an de Wëlle fir ze handelen.

D’Julie Brückler, 25 Joer, ass JDL Vize-Präsidentin vum Bezierk Zentrum a Presidentin vum Aarbechtsgrupp „Chancëgläichheet”. D’Bartrengerin mécht de Moment hire Masterstudium an de Beräicher Management a Marketing an ass säit 2018 Member vun der DP an der JDL.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.