Ewech vun engem spidolszentréierte Gesondheetssystem

D’Fermeture vun der Ettelbrécker Maternité huet eis däitlech virun Ae gefouert, datt de Mangel un Doktere schonn haut eescht Konsequenze fir d’Bierger huet. 

Lëtzebuerg brauch een attraktive Gesondheetssystem, deen d’Dokteren an aner Gesondheetsberuffer nees motivéiert, hei am Land ze schaffen. De beschte Wee ass den Ausbau vum Extrahospitalier, mat méi klenge Strukturen, déi sech gutt uechter d’Land verdeele loossen. 

Mir mussen ewechkomme vum spidolszentréierte Gesondheetssystem vun haut. D’Soins primaires musse méi an de Fokus geréckelt ginn. An och vill Behandlungen, déi elo nach dem Spidol virbehale sinn, musse kënne baussent dem Spidol ugebuede ginn, esou wéi dat am Ausland schonn dacks de Fall ass. 

Dofir brauche mir e legale Kader, deen et den Dokteren – och de Spezialisten – erlaabt, hire Beruff baussent dem Spidol fräi auszeüben. Natierlech ouni reng profitorientéiert Interessegruppen aus dem Ausland unzezéien. 

Initiative vun den Dokteren – wéi den neie medezineschen Zentrum mat IRM zu Gréiwemaacher – sollten net verdaamt, mee als Chance ugesi ginn. Eng Chance, fir de Patienten eng méi no a méi disponibel Gesondheetsoffer unzebidden. Déi Zesummenaarbecht soll gäre mat de Spideeler zesumme geschéien. Si dierf awer net vun hinnen ofhängeg sinn. 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...