Max Hahn

Aktualitéitsstonn Klimaschutz: Nei Technologië fir den CO2 aus der Loft ze bannen

Wat ass d’Roll vun Technologien déi Kuelendioxid aus der Loft filteren a bannen am Klimaschutz ? Mat där Fro huet sech d’Chamber an enger Aktualitéitsstonn befaasst. Verschidde Leit fuerderen, dass méi op « Carbon Capture, Usage and Storage » Technologie soll gesat ginn, fir den CO2 aus der Atmosphär rauszehuelen an de Klimawandel ze bremsen. Mee ganz sou einfach ass dat, sou den DP-Deputéierte Max Hahn a senger Interventioun.

D’Demokratesch Partei wier jo grondsätzlech oppe fir nei Technologien, a grad am Beräich vun den nohaltegen Technologië wier nach immens vill Potenzial. Mee wat de konkreten Asaz vun Negativ-Emissiouns-Technologië betrëfft, do géifen et nach eng Rei Problemer ginn.

Virop muss ee festhalen, dass dës Technologien haut nach net prett sinn, fir signifikant Quantitéiten CO2 z’absorbéieren. Dës misste sech nach staark weiderentwéckelen, fir éischtens effikass genuch an zweetens och bëlleg genuch ze sinn, fir se am grousse Stil anzesetzen.

Fir dowéinst ze vill grouss Hoffnungen an dës Technologien ze stiechen, géif vun der eigentlecher Aufgab oflenken : eis Emissiounen ze reduzéieren. D’Technologië fir dat ze maachen, wieren haut scho prett fir se anzesetzen. Dowéinst sollt ee sech dorop konzentréieren amplaz falsch Hoffnungen op e Wonnermëttel ze maachen, dat déi grouss Efforten, déi néideg sinn, géif iwwerflësseg maachen.

D’DP wier duerchaus net d’office géint Negativ-Emissiouns-Technologien, mee dës kéinten awer ëmmer nëmme komplementar zu den anere Mesuren agesat ginn, an och eréischt an e puer Joer, wa se nach bedeitend weiderentwéckelt goufen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...