Atomendlager zu Bure: Gëtt d’Regierung reegelméisseg iwwer nei Entwécklungen informéiert?

An hirem Avis vum 13. Januar huet déi franséisch Ëmweltautoritéit eng ganz Partie Kritike par Rapport zum geplangten Endlager zu Bure opgeworf, dat eng 100 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech läit. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob gewosst ass, wat d'Suite vun deem Avis fir de Projet wäerte sinn an ob d'Regierung reegelméisseg iwwer sou Entwécklungen um Lafende gehale gëtt.

« Dans son avis du 13 janvier dernier sur le Centre industriel de stockage géologique de déchets nucléaires à Bure, situé à une centaine de kilomètres de la frontière luxembourgeoise, l’Autorité environnementale française a soulevé de nombreuses critiques, insuffisances et incertitudes face à ce projet controversé.

Dans ce contexte nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, à Madame la Ministre de l’Intérieur, à Madame la Ministre de la Santé, à Monsieur le Ministre de l’Énergie et à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :

– Le gouvernement a-t-il déjà été informé des suites que les autorités françaises entendent donner à cet avis ?

– Quand aura lieu la prochaine réunion de la Commission mixte franco-luxembourgeoise de la sécurité nucléaire ?

– Est-ce que le centre de stockage à Bure figurera à l’ordre du jour de cette réunion ?

– En dehors des réunions de la Commission mixte, le gouvernement est-il régulièrement informé par les autorités françaises sur les derniers développements en matière de sécurité nucléaire, notamment au sujet des centrales nucléaires ainsi que des centres de stockage en région frontalière ? »

Äntwert

An enger Reunioun vun der franséisch-lëtzebuergescher Commission mixte ufanks Februar wier de Sujet vum Atomendlager zu Bure behandelt ginn. Dës Kommissioun géif och den institutionelle Kader duerstellen, fir sech reegelméisseg tëscht den zwee Länner iwwer d’Thema vun der atomarer Sécherheet auszetauschen. Mee och op techneschem Niveau géif et zu reegelméissege Kontakter kommen, bei och d’Fro vum Endlager abordéiert gëtt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...