Bildung: Fair Zukunftschancë fir ons Kanner
D’Bildung ass déi wichtegst Ressource vun eisem Land. Si hëlleft ebe just jonke Leit, fir hiren eegene Wee ze fannen. Den Accès zu gudder, universeller Bildung ass e Mënscherecht an ass net nëmme wichteg fir ons Wirtschaft a fir ons Innovatiounscapacitéit, ma virun allem fir déi perséinlech Entwécklung vu jidder Eenzelen. D’Bildung ass virun allem d’Viraussetzung fir déi aktiv Bedeelegung vun erwuessenen a responsabele Bierger um berufflechen, politeschen a gesellschaftleche Liewen.
D’Bildung steet domadder am Déngscht vun de Leit a vun der Gesellschaft a muss sech ëmmer nees upassen. Déi lescht Joer huet sech de Bildungssystem erëm géintiwwer der Gesellschaft opgedoen. Nei Bildungsoffere sinn den ënnerschiddlechen Talenter a Sproochbiographien ugepasst ginn, ma och den neien Uspréch vun der Wirtschaft a vun der Gesellschaft. All Schüler soll eng fair Chance op eng gutt Qualifikatioun an e gudden Ofschloss kréien.
D’Qualitéitsoffensiv an der Kannerbetreiung, 20 Stonne gratis Sproochefréifërderung fir all Kand, d’Schafe vu regionalen Direktiounen an de Grondschoulen, eng iwwerfälleg Reform vun der „Education différenciée“, eng schrëttweis Upassung vun der Beruffsausbildung, d’Lycéesreform, dat neit Fach „Liewen a Gesellschaft“, den neien Iwwergang vun der Grondschoul an de Secondaire an nach villes méi. Nach ni sinn an enger eenzeger Legislaturperiod esou déifgräifend Bildungsreformen decidéiert an ëmgesat ginn, fir de Bildungssystem ze moderniséieren a méi sozial duerchlässeg ze maachen.
D’Politik vun der DP am Bildungsberäich baut op fënnef Prinzipien op, déi an den nächste Joren all de Kanner besser Zukunftschancë garantéiere wäerten:
1. Kontinuitéit a Qualitéit vun de Reformen
D’DP wäert sech déi nächst Joren op d’Ëmsetzung, d’Evaluatioun an op d’Weiderentwécklung vun dëse Reforme konzentréieren. Et ass wichteg, datt d’Reforme genuch Zäit kréien, fir ze wierken. Broseleg Upassungen oder esouguer d’Ofschafe vun de Reformen géingen eise Bildungssystem ëm Joren zeréckgeheien a wären irresponsabel vis-à-vis vun de Schüler, den Elteren an de professionellen Acteuren.
2. D’Kand am Mëttelpunkt
Mam Schafe vun engem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, huet d’DP alleguerten d’Beräicher ënner engem Dag regroupéiert, déi sech mat der Fërderung an der Ënnerstëtzung vun de Kanner a Jugendleche beschäftegen. Doduercher konnt eng Politik ëmgesat ginn, an där d’Kand am Mëttelpunkt steet an déi net duerch administrativ Barrière behënnert gëtt. A ville Beräicher hunn de konzeptuellen Austausch tëschent formaler a net-formaler Bildung zu enger géigesäiteger Beräicherung an zu Progrèse gefouert. D’DP wäert eise Bildungssystem och weider op de Saile vun der formaler a vun der net-formaler Bildung entwéckelen.
3. Ënnerschiddlech Bildungsoffere fir ënnerschiddlech Talenter
An de Bildungsdebatten déi lescht Joerzéngten ass vill iwwert deen eenzeg richtege Schoulmodell gestridde ginn. D’DP huet sech dofir agesat, datt d’Bildungslandschaft zu Lëtzebuerg den Talenter an den Interessie vun de Kanner a vun de Jugendlechen entsprécht.
4.Vertrauen an Autonomie
Reforme vun uewen erof hunn nach kee Bildungssystem nohalteg verbessert. D’Politik muss Qualitéitsziler virginn, ma de Wee dohinner ass verschidden, jee no Regioun oder Institutioun. D’Villfalt vun den Demarchen a vun de Konzepter ass eng Beräicherung vun eisem Bildungswiesen. D’DP setzt op e Partenariat mat den Direktiounen, den Enseignanten an den Educateuren, fir eist Bildungswiese weiderzëentwéckelen. Déi Vertrauensbasis muss an den nächste Jore weider ausgebaut ginn.
5. Innovatioun a Moderniséierung
D’DP huet déi lescht fënnef Joer vill an d’Innovatiounskraaft vun eisem Bildungssystem investéiert. Z.B. an déi nei Medien an an d’Digitaliséierung, ma och an de Beräich vum Entreprenariat oder vun der nohalteger Entwécklung. Nei Technologien a nei Medie stinn haut als Fach um Schoulprogramm, ginn awer och gebraucht fir Schoulmatière ze vermëttelen. D’DP schafft mat dësen an anere Reformen e laange Retard an eisem Bildungssystem op. Dës Efforte musse virugoen, fir kënne mat de gesellschaftlechen Entwécklunge matzehalen.
Kannerbetreiung a Klengkanner
Bei der Aféierung vun der méisproocheger Fréifërderung huet d’DP e wëssenschaftleche Conseil mat renomméierte Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland zesummegesat, fir de Projet wëssenschaftlech ze begleeden.
D’DP wäert den SNJ („Service National de la Jeunesse“) an d’Richtung vun engem Service fir Innovatioun a Qualitéitsentwécklung an der net-formaler Bildung ausbauen. Déi zwee Servicer sollen an Zukunft enk zesummeschaffen.
D’DP wäert, als weidert Element vun der Qualitéitsentwécklung am net-formale Bildungsberäich, d’Qualitéit vun de gesetzlech virgeschriwwene Weiderbildungsoffere garantéieren. Dofir sollen unerkannt Agencen an der Formation continue geschafe ginn, déi eng qualitativ héichwäerteg Offer sécherstellen.
D’DP wäert nei Formatiounen um Niveau vum DAP („Diplôme d’Aptitude Professionelle“) entwéckelen an esou d’Zuel u forméiertem Personal an de Strukturen erhéijen. D’Formatioun vun den Educateure soll bewäert a wann néideg ugepasst ginn.
De System fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Kannerbetreiung erweist sech als schwéierfälleg an ontransparent. D’DP wäert de System duerch en neien ersetzen. En Auditservice vum Ministère wäert déi nächst Jore garantéieren, datt déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat och wierklech bei den Elteren ukënnt.
D’Aktivitéite vun de Maisons Relaise konzentréiere sech den Ament virun allem op Offere baussent der Schoul wärend der Zäit virum an nom Unterrecht. D’DP wëll d’Maisons Relaisen och zu Plaze fir d’Elteren ausbauen, wou e generellen Echange vun den Elteren an de Professionelle méiglech ass. Niewent dem Kulturzentrum, soll dee Familljenzenter eng méi staark Roll am Liewe vu der Gemeng spillen, andeems Aktivitéiten ëm d’Kand, d’Kanner an d’Roll vun den Elteren offréiert ginn.
D’DP wäert een integréiert Baue vu Schoulen a vu Maisons Relaisen ënnerstëtzen, an deenen d’Raim kënnen zesummegestalt a profitéiert ginn. Dat erlaabt et, fir d’Raim méi grouss ze gestalten an e Fonctionnement vun deenen zwou Institutiounen, wou d’Kanner kënnen am Mëttelpunkt stoen.
D’DP wäert d’Konzept vun de Quatiersmammen a -pappen, esou wéi dat schonn deels an Däitschland, an Dänemark, an Holland an an der Schwäiz fonctionnéiert, an engem Pilotprojet ausprobéieren. Quartierselteren hu meeschtens selwer e Migratiounshannergrond a si Multiplicateuren, déi aneren Elteren am nämmlechte Fall, Informatiounen a punkto Educatioun, Bildung a Gesondheet vermëttelen.
A Collaboratioun mat de Gemengen, wäert D’DP e Busservice aféieren, fir d’Schüler aus der Grondschoul tëschent der Schoul/Maisons Relaisen a sportlechen oder kulturellen Aktivitéite baussent der Schoul ze transportéieren.
D’DP wäert eng national Elterevertriedung aféieren, fir Elteren eng Stëmm ze ginn, deenen hir Kanner vu staatlech unerkannte Betreiungsoffere profitéieren. Engersäits sollen déi Elteren doduercher systematesch an d’Qualitéitsentwécklung agebonne ginn. Anerersäits soll déi Vertriedung d’Eltere stäerken an eng Plaz si fir Elteren, déi Problemer mat de Servicer hunn. Doriwwer eraus wäert d’DP d’Zesummenaarbecht vun de Maisons Relaise mat de lokale Sport- a Kulturveräiner ënnerstëtzen.
D’DP wäert sech weider fir eng gesond Ernierung vun de Kanner an de Kannerbetreiungsstrukturen asetzen. Eng kannergerecht an equilibréiert Ernierung an eng deementspriechend Formatioun vun de Leit an deene Strukture muss garantéiert bleiwen.
D’DP wäert den Echange tëscht de Elteren an de Betreier weider fërderen. D’Crèchen an d’Maisons Relaise sollen Informatiounsmaterial kréien, fir datt d’Eltere sech kënne besser iwwert d’Educatioun vun hire Kanner informéieren.
D’Internetplattform staarkkanner.lu gëtt als virtuellen Elteren-Eck ausgebaut. D’Eltere kënnen sech do gratis Informatiouns- a pädagogescht Material bestellen.
Et ass bewisen, datt eng intensiv Kommunikatioun –wéi z.B. Kannerbicher zesumme liesen–eng enorm wichteg Roll bei der Entwécklung vun der Sprooch a vun de kognitive Kapassitéite vun de Kanner spillt. Dofir wäert d’DP all de Kanner aus dem Precoce 1 Kannerbuch d’Joer fir näischt zur Verfügung stellen. An engems sollen d’Eltere sensibiliséiert ginn. Doriwwer eraus wäert d’DP Mini-Kannerbibliothéiken an de Quartiere fërderen, z.B. duerch d’Ariichte vu Mini-Bibliothéisschief op Spillplazen. Esou soll de fréizäitege Kontakt vun de Kanner mat Bicher ënnerstëtzt ginn, wat hir Lieskapassitéit fërdert.
An enger Schoullandschaft, an där sech d’Offer déi lescht Jore staark entwéckelt huet, gëtt et ëmmer méi schwéier, fir den néidegen Iwwerbléck ze behalen. Dofir huet de Bildungsministère kierzlech d’Internetsäit mengschoul.lu presentéiert: eng Zort Orientatiounsinstrument, dat de Schüler an hiren Eltere bei der Sich no där richteger Offer hëlleft. D’DP wäert en ähnleche Portail schafen, fir déi verschidde Strukturen an der Kannerbetreiung. Déi Plattform soll Informatiounen iwwert d’Maisons Relaisen, d’Crèchen an d’Mini-Crèchen an der Géigend liwweren.
Jugend
D’DP wäert d’Offer u Jugendwunnengen an u betreitem Wunnen op nationalem Niveau ausbauen, fir Jugendlech a jonk Erwuessener beim Iwwergang an den Erwuessenenalter punktuell z’ënnerstëtzen.
D’Schoul ka vun den Erfarungen aus der oppener Jugendaarbecht léieren. Fir datt d’Schoul méi oppe gëtt an och zu enger lieweger Plaz vun de Jugendleche gëtt, solle Jugendtreffen an alle Schoule vum Secondaire ageriicht ginn. Déi Jugendlech sollen sech hir Fräizäit hei onofhängeg gestalte kënnen.
De Pilotprojet „Outreach Youth Work“ huet nei Impulser ginn, fir déi sougenannten NEETs („Not in Education, Employment or Training“) z’aktivéieren. D’DP wäert deen Usaz weiderentwéckelen, fir eng enk Vernetzung vun alle Mesuren aus der Jugendgarantie z’erreechen. D’DP wëll och eng Koordinéierung vun all den Offeren am Kader vun der Jugendgarantie.
D’DP wäert d’Offer un Internater ausbauen an e Qualitéitskader schafen. D’Roll vun den Internater huet sech an de leschte Joerzéngte gradesou verännert, wéi hir Zilclientèle. Deen neie Kader soll där Entwécklung Rechnung droen.
Jugendhëllef
D’DP wäert e Qualitéitskader entwéckelen – esou wéi an de Beräicher vun der Kannerbetreiung a vun der Jugendaarbecht – déi d’Basis fir d’Entwécklung vun der Qualitéit vun der Jugendhëllef duerstellt.
D’DP wäert d’Offer an der Jugendhëllef ausbauen an esou d’Zuel vun de Jugendleche reduzéieren, déi am Ausland ënnerbruecht ginn. Nëmmen op déi Manéier kann eng spéider Integratioun an d’Lëtzebuerger Gesellschaft garantéiert ginn.
Gouvernance vun der Bildungspolitik
D’DP wäert e „Lëtzebuerger Bildungsdësch“ asetzen. Dëst onofhängegt Gremium soll hëllefen, fir d’Debatte ronderëm d’Bildung ze versachlechen, fir e gesellschaftleche Konsens an de wichtegste bildungspolitesche Projeten auszeschaffen an esou fir déi noutwenneg Kontinuitéit an der Bildungspolitik, iwwer e puer Legislaturperioden ewech, ze suergen. Fir dee gréisstméigleche Konsens ze fannen, sollen alleguerten déi betraffen Acteuren um „Bildungsdësch“ sëtzen: d’Enseignanten, d’Schüler, d’Schouldirekteren, d’Elteren, ma och Vertrieder aus der Wëssenschaft an aus der Zivilgesellschaft, déi duerch de kierzlech geschafenen „Observatoire national de la qualité scolaire“ an duerch de „Conseil national des Programmes“ vertruede ginn. Och d’Parlament wäert seng Plaz um „Lëtzebuerger Bildungsdësch“ hunn, fir d’Iwwerparteilechkeet vun de Proposen ze garantéieren. Nëmmen e Konsens an de wichtegste bildungspolitesche Froen garantéiert, datt de ganze System sech kann a Rou an an der Kontinuitéit entwéckelen. Déi wichtegste Viraussetzung fir d’Qualitéit an der Schoul.
Grondschoul
Déi am Joer 2017 geschafe regional Direktiounen an der Grondschoul gi weider ausgebaut an duerch administratiivt Personal verstäerkt. Hir Kompetenze géintiwwer de Gemengen a punkto Personalfroe gi gekläert. De Fokus vun den Direktiounen an den nächste 5 Joer soll an der Entwécklung vum Unterrecht leien.
Uechter d’ganz Land wäerten déi regional Direktiounen e „Guichet unique“ ubidden, wou Informatiounen an Demanden iwwert d’Bildung zentral behandelt ginn.
D’DP wäert konkret Perspektive fir d’Léierpersonal schafen, dat sech weider spezialiséiere wëll. Dat gëllt zemol fir d’Beräicher vun der Inclusioun, der Digitaliséierung an dem Schoulmanagement.
D’Uni Lëtzebuerg soll berufsbegleedend Master-Studien an de Beräicher vun der Sonderpädagogik, dem Schoulmanagement an den „Educational Technologies“ offréieren.
Nieft den aktuellen Enseignantë fir Kanner mat spezielle Besoinen (I-EBS), gëtt spezialiséiert Personal gesicht, fir de Beräich vun den neie Medien a vun „Digital skills“ an der Grondschoul. Si sollen de Schoulen dobäi hëllefen, fir Strategien zum Asaz vun neien Technologien am Unterrecht z’entwéckelen. D’I-CM wäerte weider als Schoulmeeschter aktiv sinn a gi just als Responsabel fir ICT-Froe fräigestallt.
Fir de Schoulmeeschter d’Geleeënheet ze ginn, fir a spezifesche Beräicher Kompetenzen opzebauen, déi wichteg fir d’Schoul sinn, wäert eng Weiderbildung vum IFEN („Institut de formation de l’Éducation nationale“) zesumme mat der Uni.lu offréiert ginn, déi ECTS-konform ass an déi ka fir de Master ugerechent ginn. Esou sollt et méiglech sinn, fir iwwer Joren ECTS-Punkten ze sammelen an esou de Master ze kréien.
D’DP wäert d’Kanner an der Grondschoul an enger spillerescher Manéier un d’Logik vum Programméieren eruféieren. Deementspriechend Modeller wäerte fir d’Coursen an de Sciences naturelles entwéckelt an dono an de Mathematik-Unterrecht integréiert ginn.
An de leschte Joren si computer-ënnerstëtzt Mathematik-Coursë mat groussem Succès an de Lëtzebuerger Schoulen agefouert ginn. D’DP wäert esou eng Offer och fir Däitsch a Franséisch entwéckele loossen. Zemol an de Sprooche kënnen digital Supporte en differenzéierten Unterrecht garantéieren.
Schüler mat engem schouleschen Defizit mussen den Ament Material vu verschiddener Qualitéit um fräie Maart kafen. D’DP wäert mat de Produzente vun deem Schoulmaterial eng digital Plattform opbauen, déi de Schüler fräi zougänglech ass an en héichwäertege Support bedeit.
D’Fro vun der Hëllef bei den Hausaufgaben tëschent de Grondschoulen an de Maisons Relaise bleift weider op. D’DP wäert dofir suergen, datt d’Hëllef bei den Hausaufgaben duerch qualifizéiert Personal méi attraktiv gëtt, och finanziell. Zesumme mat alle Schoule soll eng flächendeckend Offer séchergestallt ginn.
D’Organisatioun a Schoulzykle soll d’Schoulen dozou animéieren, fir den Unterrecht méi staark ze differenzéieren. Déi Iddi schéngt awer op ville Plazen net virukomm ze sinn. D’DP wäert eng Evaluatioun vum Konzept maachen an et un d’Realitéiten um Terrain upassen.
Ënner Berécksiichtegung vun engem sozio-ekonomeschen Index sollt d’Verdeelung vun de Ressourcen am Schoulsystem méi gerecht ginn, fir méi eng grouss Chancëgläichheet ënnert de Schüler ze suergen. D’Praxis huet awer gewisen, datt et Regiounen a Schoule gëtt, déi viru méi groussen Erausfuerderunge stinn, wéi anerer. D’Zuel vun de Schüler, déi net déi am Léierplang ageschriwwe Kompetenzen entwéckelt hunn, beleeën dat. D’DP wäert d’Berechnung vum Contingent op de Leescht huelen an e System schafen, deen et erlaabt fir besser op d’Problemer an op d’Erausfuerderunge vun eenzele Schüler anzegoen.
D’DP huet mat der Reform an der „Éducation différenciée“ e Projet ëmgesat, deen e richtege Paradigmewiessel an der Inclusioun bedeit a Lëtzebuerg do Joerzéngten no vir bréngt. An der Grondschoul wëll d’DP elo de Support esouwäit virundreiwen, datt all Schoul op d’mannst ee spezialiséierten Enseignant fir Kanner mat spezifesche Besoinen (I-EBS) engagéiert. Dës „Équipes de Soutien pour Enfants àBesoin“ (ESEB) wäerte verstäerkt ginn, wann et néideg ass. Dat gëllt och fir déi ambulant Ënnerstëtzung duerch déi national Kompetenzzentren.
Fir absolut Ausnamefäll, an deenen d’Suerge vun de Kanner esou grouss sinn, datt net un eng Bedeelegung um reguläre Cours ze denken ass, wäert d’DP sozio-therapeutesch Zentren opbauen.
D’DP wäert sech dofir asetzen, datt d’Grondschoulen – esouwäit se kënnen – Beräicher installéieren, an deenen sech d’Eltere kënne mat den Enseignante gesinn. Dës Beräicher solle gläichzäiteg eng Vitrinn no bausse sinn, wou d’Schoul hir Aarbecht mat de Kanner presentéiert a wou d’Elteren iwwer wichteg Themen informéiert ginn.
D’DP wëll de Projet „Beweegt Schoul“ an de Grondschoulen an an de Maisons Relaise weider ënnerstëtzen, fir eppes géint de Beweegungsmangel vu ville Kanner ze maachen. D’Zil ass et fir zousätzlech 15 bis 20 Minutte Beweegung z’integréieren. Duerch Oplockerungsphasen, beweegt Pausen, Beweegungsstatiounen am Klassenzëmmer, ma och duerch e beweegten Unterrecht, kréien d’Kanner Loscht a Freed un der Beweegung vermëttelt a gläichzäiteg gëtt hir Konzentratiouns- a Léiercapacitéit erhéicht.
D’DP wäert den administrativen Opwand fir d’Léierpersonal, d’Elteren an d’Direktioune Schrëtt fir Schrëtt reduzéieren. Fir d’éischt wäert d’Digitaliséierung vun allen administrative Schrëtt den Informatiounsfloss an d’Demandë vis-à-vis vun der Direktioun oder vum Ministère vereinfachen. Desweidere wäert d’DP eng Taskforce aus Vertrieder vum Schoulmeeschtercorps, de Schouldirektiounen a vum Ministère schafen, fir konkret Virschléi ze maachen, wéi een den administrativen Opwand ka reduzéieren.
Duerch d’Reformen aus de leschte fënnef Joer ginn et haut, jee no Schoulstuf, ënnerschiddlech Evaluatiounsmethoden. D’DP wäert eng extern Bewäertung vun deene verschiddene Methoden an Optrag ginn an da probéieren, fir d’Grondprinzipie vun der Evaluatioun ze harmoniséieren.
Secondaire a Beruffsausbildung
An dëser Legislaturperiod kruten d’Grondschoulen an de Secondaire däitlech méi Gestaltungs- an Entscheedungsfräiheeten accordéiert. D’Autonomie vun de Schoule gouf esou kloer gestäerkt an d’Vertrauen an d’Enseignantë gouf ënnermauert. D’DP bekennt sech weider zur Entscheedungs-Autoritéit vun de Schoulen am Kontext vun der Profilbildung, de Finanzen, dem Personal an de pädagogeschen Inhalter. D’Politik hirersäits soll weider kloer, national uniform Zilsetzunge virginn, déi d’Schoulen am Kader vun hirem Spillraum erreeche mussen.
D’DP wëll keng Eenheetsléisung fir eis Kanner. Déi vun der DP lancéiert Diversifikatioun vun der ëffentlecher Schouloffer soll och an der nächster Legislaturperiod weidergefouert ginn. Mir brauche Schoulen, déi esou villfälteg si wéi d’Talenter an d’Besoine vun eise Schüler. En vue vun der Verschiddenheet vun eise Schüler, sollen d’Schoulen och an Zukunft ënnerstëtzt ginn, fir en eegene Profil auszeschaffen a fir sech de lokalen, soziokulturellen a sproochleche Realitéite vun hire Schüler unzepassen.
D’Lëtzebuerger Schoullandschaft soll dofir weider an d’Breet wuessen, fir all Schüler d’Méiglechkeet ze ginn, déi Schoul erauszewielen, déi am beschten zu sengem Profil an zu sengem Beruffswonsch passt. Just esou huet all Schüler eng fair Chance op eng gutt Formatioun an op e gudden Ofschloss. Nëmme wann déi ëffentlech Schoul dës ënnerschiddlech Profiller vun de Schüler kennt, an déi passend Offer duerzou entwéckelt, ka si hirem Usproch gerecht ginn, fir all Kand fair Bildungschancen ze garantéieren. D’Diversifikatioun vun der ëffentlecher Schoul stäerkt déi ëffentlech Schoul.
D’Ouverture vun der éischter ëffentlecher internationaler Schoul zu Déifferdeng am Joer 2016, war e grousse Succès. Domadder war et fir d’éischte Kéier méiglech, fir e gratis Zougang zu de Programme vun der Europaschoul ze kréien. Antëscht ginn och europäesch Klassen zu Munneref, zu Jonglënster an zu Klierf ugebueden. D’DP wäert déi Offer, jee no Nofro, weider ausbauen. D’DP wäert och eng weider ëffentlech Europaschoul ronderëm d’Stad opmaachen, fir déi Offer an allen Deeler vum Land ze garantéieren.
D’DP huet d’Schoulen déi lescht fënnef Joer dobäi ënnerstëtzt, fir Profiller an de Beräicher ICT, Nohalteg Entwécklung an Entreprenariat z’entwéckelen. D’Schoule kréie weider gehollef, fir eegen thematesch Profiller a Schwéierpunkten ze developpéieren. Dat erhéicht d’Diversifikatioun vun der Schouloffer an d’Auswiel fir d’Schüler. Mir brauchen eng Schouloffer, déi esou villfälteg ass, ewéi d’Interessien an d’Talenter vun de Schüler.
De Lëtzebuerger Schoulsystem muss sech domadder ausenanersetzen, datt d’Kompetenzen am 21. Joerhonnert net doranner bestinn, fir Wëssen opzesoen –well „Google weess alles“ –ma éischter an der Kompetenz vum Léise vu komplexe Froen am Team. Hei gi Kompetenze gefuerdert, ewéi Teamaarbecht, Kreativitéit, Selbstbewosstsinn an eng positiv Feedback- a Feelerkultur. D’DP wäert Schoule massiv ënnerstëtzen, déi op esou kooperatiivt Léieren oder „Design Thinking“ setzen.
Mam Lycée Ermesinde huet den Zentrum eng Schoul, déi als Pilot-Projet gegrënnt ginn ass an déi alternativ Léiermethoden offréiert. An Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, wäert d’DP en ähnleche Projet am Süde vum Land entwéckelen. Dës Schoul soll –am Kader vun der Grondausbildung fir Enseignanten a vun der Weiderbildung am IFEN –d’Méiglechkeet bidden, fir „Best-Practices“ z’illustréieren.
D’DP wäert d’Schoulen duerzou animéieren, fir intern Weiderbildung an „Journées Pédagogiques“ ronderëm d’Thema Unterrechtsentwécklung z’organiséieren. D’DP wäert de Schoulen Experten zur Säit stellen, déi si dobäi ënnerstëtzen, wann d’Schoul dat wëll. Schliisslech entscheet d’Qualitéit vun der Schoul sech am Klassesall. De wichtegste Faktor ass a bleift den Enseignant a säin Unterrecht.
Enseignante sinn d’Experte vum Schoulhalen a vum Léieren. Fir dësem Usproch gerecht ze ginn, brauche si eng zolidd Formatioun an der Didaktik an an der Pädagogik. Dat gëtt den Ament zum groussen Deel iwwert d’Stagezäit garantéiert. Am Kader vun enger Reform vum Stage, wëll d’DP de Leit mat enger fachdidaktescher Formatioun besser Méiglechkeete ginn, fir hire Stage kënnen ze reduzéieren. Dat géing dann esou fonctionnéieren, ewéi an der Grondschoul.
Schwaach Schüler an hir Famillje sinn am Lëtzebuerger Schoulsystem nach vill ze dacks op sech eleng gestallt, bei der Sich no passender Hëllef. D’DP ass der Meenung, datt all motivéiert Schüler sollen e fräien Accès zu „Appuis“-Stonnen an zu héichqualitativem Material an hirer Schoul hunn. Dat sollt hinnen –zesumme mat engem individualiséierte Plan –hëllefen, fir hir Schwächten ofzebauen. D’DP wäert deementspriechend Offere mat de Schoulen ausschaffen.
An Zesummenaarbecht mat de respektive Länner an hire Vertriedungen, wäert d’DP en Netzwierk u Siten am Ausland schafen, wou d’Schüler aus dem Secondaire eng Sproochevakanz op Franséisch, Däitsch oder Englesch maache kënnen. D’Vermëttele vun deene Sprooche geschitt am beschte lieweg an um Terrain. Esou Sproochekolonien hëllefen de Schüler net nëmmen, fir eventuell Hemmschwellen ofzebauen an an enger anerer Sprooch ze schwätzen, ma si fërdert och en natierlecht an intuitiivt Léiere vu frieme Sproochen. Esou Sproochevakanze kënnen och eng sënnvoll Alternativ zu enger Vakanzenaarbecht sinn oder hëllefen, fir sproochlech Defiziter wärend der Summervakanz opzeschaffen.
Nieft dem SEPAS („Service Psycho-social et d’accompagnement scolaire“) wäert d’DP an all de Lycéeën „Équipes socio-éducatives“ opbauen, déi méi am Beräich vun der Präventioun a vun der fräier Jugendaarbecht aktiv sinn an eng ganz Partie u pädagogeschen Offere wäerten entwéckelen.
Am Lëtzebuerger Schoulsystem falen an der Moyenne knapps 7% vun de Stonnen aus, well den Enseignant feelt. Déi Stonne gi just wéineg vun aneren Enseignanten iwwerholl, déi dann den Unterrecht garantéieren. Fir déi aner Fäll wëll d’DP de System vun de Surveillance esou änneren, datt „Équipes Socio-Educatifs“ déi Zäit interessant Programmer mat de Schüler maachen (z.B. politesch Bildung, nohalteg Entwécklung oder Orientatioun).
Nëmme wa Lëtzebuerg e permanenten, international unerkannte Personalstandard erreecht, komme mir dem inklusive Schoulsystem méi no. Dofir wëll d’DP – esou wéi am Modell vun de Grondschoulen – e kohärent Inclusiounskonzept fir de Secondaire ausschaffen, an deem déi national Kompetenzzentren, de CAR („Commission des Aménagements Raisonables“), de CEPAS an de SEPAS agebonne sinn. D’DP wäert dofir suergen, datt de Secondaire méi spezifesch forméiert Fachpersonal kritt, fir d’Inclusioun vun alle de Kanner z’erméiglechen. D’DP wäert och déi extra-pädagogesch Kompetenzzentre fir Léierschwächten, fir héichbegaabt Schüler a fir déi sozio-emotional Entwécklung weider ausbauen. Fir datt se –esou wéi déi aktuell Kompetenzzentren, d’Schoule kënne beim Ëmgang mat Schüler mat ex-pädagogesche Besoinen ënnerstëtzen.
Déi digital Revolutioun bitt net nëmme Chancen, ma och Risiken. Wéinst dem grousse Succès vum Internet a vun den neie Medien, gëtt d’Fro vun engem effikasse Schutz vun de Grondschüler a vun den Teenager ëmmer méi wichteg. D’DP wäert dofir d’Mediekompetenz queesch duerch d’Fächer verstäerken. D’Schüler sollten e kritesche Bléck an hirem digitalen Ëmfeld a mat der Informatiounswell behalen a léiere fir Informatiounsquelle bewosst ze hannerfroen.
„Tablet Computing“ ass a ville Beruffsbranchen zu enger Schlësselkompetenz ginn a soll dofir och méi an den Alldag vun der Schoul integréiert ginn. Mir wëllen dofir net just d’„iPad-Klassen“ ausbauen, ma mëttelfristeg e „one-to-one“-Equipement an de Schoulen aféieren. Mir wëllen, datt all Schüler déi nämmlecht Konditiounen a sengem Cours huet. Nieft enger grondleeënder Mediekompetenz sollen d’Schüler och déi digital Geschirkëscht fir d’Produktioun vu kreative Produite kenneléieren. D’DP wäert och d’Offer vun der digitaler Weiderbildung fir Enseignanten ausbauen.
Am Laf vun der Moderniséierung vum Enseignement secondaire classique (ESC) ass schonn eng nei Sektioun fir Informatik a fir Kommunikatioun (Sektioun I) geschaf ginn. En vue vun der grousser Demande vun de Schüler a vun der Ekonomie, wäerte mir d’Sektioun I verallgemengeren. Am Kader vum Schafe vun hirer Profiller, wäerte mir d’Schoulen aus dem Secondaire dozou encouragéieren, fir hir Offer am Beräich vun esou digitale Kompetenzpolen auszebauen.
De „Coding“ wäert an den nächste Joren zu enger wichteger Kärkompetenz an der digitaliséierter Beruffswelt ginn. Obwuel vill Mënschen all Dag de Computer oder de Smartphone benotzen, feelt ville vun hinnen de grondleeënde Knowhow iwwert de Fonctionnement an iwwert d’Programméiersprooch vun deene Computer.
Fir d’Verständnis vun der digitaler Welt a vum Fonctionnement vu Computer ze fërderen, wëll d’DP de „Coding“ an de Schoulprogramm ophuelen. Mir wëllen d’Kanner schonn an der Grondschoul spilleresch un d’Programmatioun eruféieren, fir datt si kënnen éischt Erfarungen an éischt Schrëtt an der Logik an an den Algorithme léieren. Am Secondaire sollen „Digital Skills“ an e Verständnis fir verschidde Programméiersproochen als transversaalt Thema an d’Programmer opgeholl ginn. Dat soll virun allem an der Mathematik an an de Naturwëssenschafte geschéien.
D’DP wäert en iwwergräifend Konzept fir d’Fërderung vun Technik a vun Naturwëssenschaften am ganze Bildungswiesen ëmsetzen. Vun de Maisons Relaisen iwwer d’Grondschoul bis bei de Secondaire wäert den Interessi un de sougenannte MINT-Fächer (Mathematik, Ingenieurswëssenschaften, Naturwëssenschaften, Technik) stimuléiert ginn. Nëmmen esou kënne mir jonk Mënschen an de Schoulen an déi entspriechend Ausbildungsfilièren orientéieren. Duerch de Progrès vun der Digitaliséierung, d’Fërderung vun neie Beräicher, wéi der Zirkularwirtschaft, ma och duerch den Ausbau vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, gëtt eng Abberzuel un Aarbechtsplazen am technologeschen an am naturwëssenschaftleche Beräich geschaf. An deem Kontext setzt d’DP sech och fir den Ausbau vun der Zesummenaarbecht mat de Studenten a mat de Beruffsorganisatiounen an.
De Luxembourg Science Center vun Déifferdeng ass e reegelrechte Publikumssuccès. Esouwuel bei Schoulen, Betreiungsariichtungen oder Familljen, bei Gruppen an Touristen. An Experimentéierstatiounen oder a Workshoppe gesinn d’Visiteuren ewéi spannend an opreegend Naturwëssenschaft an Technik kënne sinn. D’DP wäert dës wëssenschaftlech Erliefniswelt weider ausbauen, fir d’Orientatioun vun de Jugendlechen a Richtung vun der Technik a vun den naturwëssenschaftleche Formatiounen ze fërderen.
D’DP wäert an enker Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen déi dual Formatioun weider fërderen, fir géint de Manktem u qualifizéiertem Personal virzegoen. Duerzou gehéiert d’Schafe vun engem duale BTS an d’Méiglechkeet fir kënnen d’Première an en DAP am gläichen Ofschlossjoer ze kréien. Wieder soll fir all Ausbildung eng passend Uschlossausbildung offréiert ginn, fir datt sech d’Léierbouwen an -Meedercher kënne vum CCP, iwwert den DAP, bis zum Technikerofschloss an duerno iwwert de BTS an eng Héichschoulformatioun eropschaffen. Dat bitt all de Concernéierten an der Beruffsformatioun déi gläich Perspektive wéi de Schüler am klasseschen oder am generelle Secondaire. Awer mam Virdeel, datt een no all ofgeschlossenem Joer kann ouni Problem an d’Aarbechtswelt wiesselen.
D’DP wäert an enker Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen, d’Weiderbildung an der Beruffsausbildung ausbauen. Staatlech a privat Weiderbildungszentre solle vergläichbar ma komplementar Offere maachen, déi deemnowéi d’Recht op e staatlechen Diplom méiglech maachen.
D’DP wäert d’Méiglechkeet vun enger Deelzertifikatioun schafen, fir Schüler mat limitéierte Leeschtungscapacitéiten.
D’DP wäert e gratis Accès fir d’Meeschterprüfung aféieren, fir de Wee an d’Selbststännegkeet an an d’Entreprenariat ze fërderen.
Erwuessenebildung an Héichschoulen
D’DP wäert d’Offer u BTS-Coursen („Brevet de Technicien Supérieur“) erweideren, fir déi héich Demande no qualifizéierte Leit ofzedecken. De „spezialiséierten Diplom“ confirméiert eng héichwäerteg berufflech Qualifikatioun a bitt domadder déi ideal Viraussetzung fir d’Entrée an d’Beruffsliewen. Dat gëlt zemol fir zukunftsorientéiert Branche mat groussen Entwécklungsperspektiven. D’DP wëll d’Offer grad an esou Zukunftssbranchen ausbauen.
Doriwwer eraus sollen d’Schoulen aus dem Secondaire méi Partnerschafte mat Universitéiten a mat Fachhéichschoulen ofschléissen, fir de BTS-Studenten bannent 3 Joer e Bachelor z’erméiglechen.
Den technologesche Wandel ass eng Erausfuerderung fir d’Entreprisen a hir Beschäftegt. Dofir wëll d’DP „Digital Learning Centers“ mat enger digitaler Bildungsplattform schafen, iwwert déi ee ka fräi op Programmer (Uni Lëtzebuerg, Erwuessenebildung, IFEN oder INAP) zeréckgräifen. An dësen Zentere sollen iwwerdeems vun technesche Ressource profitéiert ginn (z.B. Toun- oder Videostudioen), fir eegestänneg digital Inhalter ze schafen.
De Schwéierpunkt vun dësen Zenteren gëtt op déi digital Aus- a Weiderbildung geluecht. Duerch d’Aféiere vun engem Bildungsscheck wäert d’DP all Salariée gratis Cours ubidden, deen an d’Grondlage vun der digitaliséierter Beruffswelt aféiert.
cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien: Digital denken an d’Onofhängegkeet an d’Villfalt vu de Medie garantéieren
D’DP wäert an Zesummenaarbecht mat de Beruffschamberen eng Akreditéierungs-Agence schafen, fir d’Qualitéit vun der berufflecher Weiderbildung z’ënnerstëtzen a fir d’Transparenz um Marchévun der Weiderbildung ze sécheren. Just nach akkreditéiert Ubidder an akkreditéiert Formatioune kënnen da vun enger staatlecher Subventioun profitéieren.
De Wee zu enger Gesellschaft, déi um Wësse baséiert, féiert iwwert d’Weiderbildung an de Lifelong Learning. D’DP wäert dofir d’Erwuessenebildung zu Lëtzebuerg ausbauen. Dobäi soll méi staark vun de Raimlechkeete vun de Schoulen aus dem Secondaire profitéiert ginn. Den zoustännege Service vum Ministère wäert déi Offere koordinéieren. Iwwert de Wee vun enger Validatioun vun de fréiere Schoulresultater, vun der Beruffserfarung a vun de Weiderbildungen, sollen d’Salariéen d’Méiglechkeet fir eng méi héich Qualifikatioun kréien. Dofir mussen déi néideg Strukturen a Kontrollorganer geschafe ginn. Dës Funktioun dierf de Staat net aus der Hand ginn.
Dës Regierung huet den Zentrum fir politesch Bildung geschaf. Déi positiv Akzenter vun dëser Institutioun mussen an Zukunft weidergefouert an ausgebaut ginn. Fir d’DP soll déi politesch Bildung méi en héije Stellewäert an alle Bildungsberäicher kréien.