Pressekonferent Bilan DP-Fraktioun 2021

Covid-Lutte ass um richtege Wee – Op der liberal-sozialer Schinn virufueren

De „Lëtzebuerger Wee“ – also e Mix vun Impfung a sanitäre Reegelen – ass déi richteg Manéier am Kampf géint d’Pandemie. Dat sot eise Fraktiounschef Gilles Baum op der Bilans-Pressekonferenz vum Chambergrupp vun der DP.

An engems wier et gutt gewiescht, fir d’Mesure punktuell unzepassen, esou wéi elo rezent mat de Schnell-Tester am Sport, an der Kultur an an der Horesca. Esou hätte mer hei am Land en Equiliber tëschent Sécherheet a Fräiheet garantéiere kënnen. Dat hätt awer just fonctionéiert, well d’Bierger Engagement, Responsabilitéit a Solidaritéit bewisen hätten.

Pressekonferent Bilan DP-Fraktioun 2021

Dat kascht natierlech Suen, huet de Gilles Baum ënnerstrach. Dofir wier et net den Ament fir d’Steieren op Käschte vun de kommende Generatiounen ze héijen oder ze kierzen. Déi sozial-liberal Schinn géing awer weider gefouert ginn. Also Investissementer, wéi se bis elo schonn an d’Hausse vum Mindestloun, an de Congé parental, de Chômage partiel, d’Allocation de vie chère an déi geplangten Indexupassung vum Mindestloun dat anert Joer gemaach, respektiv geplangt gi sinn. Net ze vergiessen déi gutt Strategie an der Educatioun, mat där de Schoulbetrib hätt kënnen ouni negativen Trend oprecht erhale ginn.

Pressekonferent Bilan DP-Fraktioun 2021

All déi Depensen – genee ewéi déi 465 Milliounen Euro fir d’Betriber – wiere just duerch dem Finanzminister Pierre Gramegna seng responsabel Politik méiglech gewiescht.

D’DP – esou nach de Gilles Baum – géing sech och dofir asetzen, datt verschidde Mesuren aus der Lutte géint de Covid no der Pandemie weider gefërdert ginn. Als Beispill huet den DP-Fraktiounschef z.B. den Teletravail a méi flexibel Aarbechtszäiten ernimmt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...