Lex Delles

Dem Mëttelstand duerch d’Kris hëllefen

Zanter engem Joer hunn eis Betriber et net einfach. Fir d’Bekämpfe vum Coronavirus huet d’Regierung Moossnamen decidéiert, déi et ville Betriber schwéier mécht normal ze fonctionéieren. De Mëttelstandsminister Lex Delles huet dofir eng sëlleg Hëllefen an d’Liewe geruff, déi de Betriber, awer och den Independanten, hëllefe fir esou gutt wéi méiglech duerch dës Krise ze kommen an erëm voll duerchstarten ze kënne wann d’Krise bis eng Kéier eriwwer ass. Dës Hëllefe goufe reegelméisseg adaptéiert a verlängert fir sech un d’Entwécklung vun der Pandemie an de Besoine vun deene verschiddene Secteuren unzepassen.

Esou goufen zanter Mäerz folgend Hëllefen an d’Liewe geruff fir de Betriber ënnert d’Äerm ze gräifen : An enger éischter Phase ass ee Stabilisatiounspak vun 10,4 Milliarden Euro beschloss ginn. An enger zweeter Phase koum de “Neistart Lëtzebuerg” dobäi, mat engem Finanzpak vun 800 Milliounen Euro. Dat mat Ofstand wichtegst Instrument war an ass awer sonner Zweiwel de Chômage partiel, wou e grousse Wäert drop geluecht gouf, datt kee vun de betraffene Salariés ënnert de Seuil vum soziale Mindestloun fält. Et goufen och Direkthëllefen an Héicht vun iwwer 200 Milliounen Euro un d’Independanten ausbezuelt Dëst ass iwwert de Wee vun enger éischter Direkthëllef vun 2.500 € an duerno iwwert eng 2. Direkthëllef vun 3.000 bis 4.000 € geschitt. Et sinn och Direkthëllefen un déi kleng a mëttelgrouss Betriber ausbezuelt ginn: Eng éischt Direkthëllef vu 5.000 € fir déi betraffe Betriber an duerno ee weidere Betrag vu 5.000 €, respektiv 12.500 €. De Lex Delles huet och Mesuren agefouert fir d’wirtschaftlech Relance vun de vulnerabelste Secteuren ze fërderen. Dëst ass geschitt iwwert de Wee vun Direkthëllefe fir den Eenzelhandel a verschidden Aktivitéiten aus dem Handwierk an iwwert de “Fonds de relance et de solidarité”, deen sech virun allem un Secteure vum Horeca, dem Evénementiel an dem Tourismus geriicht huet.

De Lex Delles weess wéi wichteg de Mëttelstand fir eis Gesellschaft ass a wäert weiderhin deene Betriber ënnert d’Äerm gräifen, déi net duerch en eegent Feelverhalen, mä duerch déi konjunkturell Situatioun vun der Pandemie vum Covid-19, an eng prekär Situatioun gerode sinn. Dofir wäert hien och weider Mesuren ergräifen, wann sech dëst als noutwenneg sollt erweisen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...