Marc Hansen

Digital Academy – Nei Technologien a Fortbildung an der Fonction publique

Och am ëffentlechen Déngscht spillen déi nei Technologien eng ëmmer méi grouss Roll. Dat geet vun enger digitaler Verwaltung, déi e besseren Zerviss um Bierger méiglech mécht, bis hin zu internen Aarbechtsofleef, déi duerch d’Digitaliséierung méi séier a méi effikass ginn.

D’Fonction publique op déi nei Erausfuerderunge vum digitalen Zäitalter virzebereeden, heescht awer virun allem och, eng gutt Aus- a Weiderbildung fir d’Beamten ze garantéieren an hinnen eng adequat Offer u Formatiounen an deem Beräich unzebidden. Fir de Ressortminister Marc Hansen sinn dowéinst d’Upassung a Weiderentwécklung vum INAP eng wichteg Stellschrauf fir d’Fonction publique fit fir d’Zukunft ze maachen.

Eng éischt Etapp war am Oktober 2018 d’Organisatioun vun der Formatioun wärend der Stagezäit. Donieft huet den INAP eng substantiell organisatoresch Ëmstrukturéiere bis 2020 duerchgemaach. Dat selwecht Joer huet de Marc Hansen dunn déi nei Digital Academy vum Institut national de l’administration publique virgestallt.

Ëm wat geet et genee? Duerch eng nei Approche, déi op innovativ Methode setzt, gi Formatioune fir all Niveau ugebueden. Dës kënne perséinlech am ‚presentiel‘ sinn, iwwer Internet, awer och iwwer e Mix vun deenen zwee. D’Digital Academy leet de Fokus op den Eenzelen, bei de pedagogeschen Aktivitéite gëtt vill Wäert op Interaktivitéit a Participatioun geluecht. De Stagiaire gëtt incitéiert sech aktiv an d‘Entwécklung vu senge Kompetenze mat anzebréngen, notamment duerch eng grouss Offer u Formatioune fir sech weider ze bilden.

Och d’Formateure gi mat an d’Boot geholl an an hire neien Aufgaben ënnerstëtzt duerch e kontinuéierlechen Austausch, Formatiounen an den digitalen Technologien, eng staark Begleedung an eng Ekipp vu Pedagogen an Informatiker déi si bei hiren Aktivitéite beroden.

Et hätt ee grouss Efforte gemaach fir Konzepter auszeschaffen, déi op d’Besoine vun de Fonctionnairë bei der Digitalisatioun aginn, sou de Marc Hansen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...