Patrick Goldschmidt

D’Leit op der Gare an zu Bouneweg net am Ree stoe loossen

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Zanter Joren hu mir e Problem mat der Sécherheet an Deeler vun der Stater Gare a vu Bouneweg. Dat ass näischt Neits an ech weess net, ob meng Hänn duerginn, fir opzezielen, wéi dacks d’Stad bei den nationalen Instanzen intervenéiert ass, fir méi Kompetenzen a méi Hëllef ze kréien… Mir wëllen einfach d‘Moyene, fir enger vun eise wichtegste Verflichtungen nozekommen: An zwar där, fir d’Sécherheet vun de Stater Bierger ze suergen. Mir weisen zanter laangem dorobber hin, datt endlech eppes geschéie muss… an dat soten och 8 vun 10 Leit an engem rezenten Sondage.

De Stater Schäfferot fuerdert zanter laangem méi Polizisten op der Plaz, d’Méiglechkeet vun engem Platzverweis a méi Kompetenze fir d’Pecherten.

Zanter Dezember d’lescht Joer hu mir elo eng privat Guardiennage-Firma engagéiert, fir mat Hënn duerch déi betraffe Stroossen ze goen. De Support bei de Bierger ass iwwerwältegend. D’Oppositioun trëtt awer mat juristesche Géigenargumenter op… Jo, et gëtt eis esouguer virgeworf, de Gewaltmonopol vun der Force publique z’ënnergruewen.

Dat wor ni de Fall an dat wäert och an Zukunft net de Fall sinn! Eis Initiativ ass éischter eng Zort „Hilfeschrei“, well mir ganz einfach d’Sécherheet a virun allem d’Sécherheetsgefill vun eise Bierger retabléiere wëllen. Net méi an net manner! A wann an engem Sondage 2 vun 3 Awunner déi Mesure begréissen, da weist dat wéi gutt déi Moossnam ukënnt. D’Stad Déifferdeng huet zanter 2 Joer esou eng Firma engagéiert… esou wéi och e Grapp aner Gemengen uechter d’Land. Dovunner ass awer net geschwat ginn… weder op politeschem Niveau, nach op Gewerkschafts-Niveau.

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

D’Stad huet elo hir Responsabilitéit iwwerholl, well mer keen aneren Auswee méi gesinn hunn, well mer d’Stater Leit net kënnen am Ree stoe loossen. Dat ass en éischte Schrack.

Fir d’Situatioun awer am Fong z’änneren, brauche mer d’Zesummenaarbecht vun allen nationalen a kommunalen Instanzen. Am Kloertext heescht dat: méi Police, de Platzverweis, méi Kompetenze fir d’Police a fir d’Pecherten, eng besser Formatioun, eng Clarificatioun vun der Gesetzgebung iwwer privat Gardiennage-Firmen, méi kloer Reglementer, déi et z.B. erlaben, fir an den Entréeë vun den Haiser z’intervenéieren. Natierlech muss och de sozialen Encadrage verstäerkt ginn, fir d’Situatioun ronderëm Kriminalitéit, Prostitutioun an Drogen ze verbesseren.

Antëscht ginn et éischt Initiativen, déi op eng positiv Reaktioun vun den direkt concernéierte Ministèren hindeiten. Dee nationale Probleem kann nëmme bekämpft ginn, wann alleguerten d’Parteie matschaffen. D’Stad huet en éischte Schrack gemaach. Kommt, mir probéieren elo Neel mat Käpp ze maachen… an zwar alleguerten zesummen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...