Xavier Bettel

Eng digital Strategie am Déngscht vum Bierger

Ënnert der Leedung vum Premier Xavier Bettel a vum delegéierte Minister Marc Hansen huet sech de Ministère fir Digitaliséierung eng ambitiéis Strategie fir d’Ëmsetzung vum Digital Government iwwerluecht.

An Zukunft sollen all Echangen tëscht dem Staat an Drëttpersounen online ginn. Besonnesch d’Grënner vu Betriber kéinten vun dëser simplification administrative profitéieren – ee Punkt, deen d’DP an hirem leschte Walprogramm thematiséiert huet.

E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère fir Digitaliséierung huet als Haaptzil, d’Liewe vun de Leit ze vereinfachen“. (Xavier Bettel)

De Ministère schafft den Ament kontinuéierlech um Ausbau vu neien online-Demarchen, fir d’Servicer vum e-Government ze verbesseren. Nieft der Entwécklung vun neie Funktionalitéiten op MyGuichet.lu, gouf rezent een digitaalt Portal fir Bedeelegungsprozedure lancéiert – enquetes-publiques.lu 

Besonnesch luewenswäert ass och déi participativ OpeninnovationApproche vum Ministère, duerch déi de Bierger kann aktiv um Prozess vun der digitaler Transformatioun deelhuelen. Am Kader vum neie GovTech Lab sollen an Zukunft reegelméisseg Eventer, Challengen, an Hackathonen organiséiert ginn, fir Léisungen z‘entwéckelen, déi de Besoine vun de Bierger entspriechen. 

Lëtzebuerg als Spëtzereider vun de neien Technologien

Big Data, Blockchain, Internet of Things asw. verspriechen interessant Methoden, fir d’Servicer vum ëffentlechen Déngscht ze verbesseren. Allerdéngs muss fir d‘éischt e passende Rechtskader geschaafe ginn, deen och de Schutz vun den Date garantéiert. En neie Gesetzprojet iwwert d‘Weiderverwendung vun ëffentlechen Donnéeën aus dem Secteur public an eng nei EU-Direktiv iwwert déi digital Kommunikatioune sinn um Instanzewee.

Déi beschten Techniken nëtzen allerdéngs näischt, wann een se net benotze kann. Zesumme mam Educatiounsministère gëtt dofir vill Wäert op eng digital Aus- a Weiderbildung geluecht. Nieft den intellektuelle Kapazitéiten ass den Internet-Accès ee vun den Haapt-Krittäre fir eng digital Inclusioun. Dofir investéiert d‘Regierung verstäerkt an e flächendeckenden a séieren, mobillen Internet mat 5G-Technologien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...