Xavier Bettel

Eng digital Strategie am Déngscht vum Bierger

Ënnert der Leedung vum Premier Xavier Bettel a vum delegéierte Minister Marc Hansen huet sech de Ministère fir Digitaliséierung eng ambitiéis Strategie fir d’Ëmsetzung vum Digital Government iwwerluecht.

An Zukunft sollen all Echangen tëscht dem Staat an Drëttpersounen online ginn. Besonnesch d’Grënner vu Betriber kéinten vun dëser simplification administrative profitéieren – ee Punkt, deen d’DP an hirem leschte Walprogramm thematiséiert huet.

„E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère fir Digitaliséierung huet als Haaptzil, d’Liewe vun de Leit ze vereinfachen“. (Xavier Bettel)

De Ministère schafft den Ament kontinuéierlech um Ausbau vu neien online-Demarchen, fir d’Servicer vum e-Government ze verbesseren. Nieft der Entwécklung vun neie Funktionalitéiten op MyGuichet.lu, gouf rezent een digitaalt Portal fir Bedeelegungsprozedure lancéiert – enquetes-publiques.lu 

Besonnesch luewenswäert ass och déi participativ Openinnovation–Approche vum Ministère, duerch déi de Bierger kann aktiv um Prozess vun der digitaler Transformatioun deelhuelen. Am Kader vum neie GovTech Lab sollen an Zukunft reegelméisseg Eventer, Challengen, an Hackathonen organiséiert ginn, fir Léisungen z‘entwéckelen, déi de Besoine vun de Bierger entspriechen. 

Lëtzebuerg als Spëtzereider vun de neien Technologien

Big Data, Blockchain, Internet of Things asw. verspriechen interessant Methoden, fir d’Servicer vum ëffentlechen Déngscht ze verbesseren. Allerdéngs muss fir d‘éischt e passende Rechtskader geschaafe ginn, deen och de Schutz vun den Date garantéiert. En neie Gesetzprojet iwwert d‘Weiderverwendung vun ëffentlechen Donnéeën aus dem Secteur public an eng nei EU-Direktiv iwwert déi digital Kommunikatioune sinn um Instanzewee.

Déi beschten Techniken nëtzen allerdéngs näischt, wann een se net benotze kann. Zesumme mam Educatiounsministère gëtt dofir vill Wäert op eng digital Aus- a Weiderbildung geluecht. Nieft den intellektuelle Kapazitéiten ass den Internet-Accès ee vun den Haapt-Krittäre fir eng digital Inclusioun. Dofir investéiert d‘Regierung verstäerkt an e flächendeckenden a séieren, mobillen Internet mat 5G-Technologien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...