Guy Arendt

Eng Digitalisatioun fir all Mënsch

Dir sidd de Muere méi wéi warscheinlech vum Wecker op ärem Handy erwächt ginn…

Dono kann et sinn, datt är programméiert Kaffismaschinn äre Kaffi op d’Minutt preparéiert hat…

Beim Kaffi hu vill vun iech dunn d’Neiegkeeten um Tablett gelies…

A wann der dann nach e Rendezvous op enger onbekannter Adress hat, jo, dann hutt der är Destinatioun wuel an de GPS vum Auto aginn.

Dat si just e puer Beispiller, fir ze weisen, wéi eng Roll d’Digitalisatioun antëscht an eisem Liewe spillt. Besonnesch déi lescht Covid-Joren hunn eis gewisen, wéi wichteg déi Entwécklung ass. Ech soe just d’Stéchwuert Teletravail.

An der DP gesi mir d’Digitaliséierung als eng Chance fir Lëtzebuerg a fir seng Bierger.

Déi digital Transitioun ass eng spannend Opportunitéit, déi mir musse mam Schlawittchen huelen. Dofir begréisse mir och den nationalen Aktiounsplang vun der Regierung fir déi digital Inclusioun.

An deem Plang geet et ënnert anerem ëm konkret Moossnamen, fir eng digital Spléckung vun eiser Gesellschaft ze verhënneren. Dat heescht: Jidderee soll kënne vun der Digitaliséierung profitéieren an net just eng Minoritéit.

Mir sinn eis bewosst, datt verschidde Leit den Erausfuerderunge vun den techneschen Apparater vun haut nach net gewuess sinn. An deem Sënn ënnerstëtze mir all Beméiungen, déi a Richtung Formatioun ginn. Och an zemol fir eeler Leit, déi net mat der Digitalisatioun grouss gi sinn. Si brauchen déi néideg Motivatioun an och den Knowhow fir déi Outilen ze gebrauchen. Grad ewéi Mënsche mat engem Handicap.

Ech erënneren do un d’Initiativ vu guichet.lu, déi Fichen an der sougenannter einfacher Sprooch ubidden. Fir d’DP ass et kloer, datt sozial Inclusiounsprojeten néideg sinn, fir defavoriséierte Mënschen den Zougang zu ëffentlechen, sozialen an ekonomeschen Aktivitéiten ze garantéieren. Dat ass fir eis eng Fro vu politeschem Wëllen a vu moralescher Responsabilitéit.

Och d’Aarbechtsamt offréiert Course fir Leit, déi no enger Aarbecht sichen, an deenen et an dem Beräich nach un der néideger Kompetenz feelt. Aner Initiative bitt den Digital Learning Hub um Belval am Beräich vun der Formation professionnelle continue un.

Well mir dierfen eis näischt virmaachen. Den digitalen Zuch ass onwidderrufflech um rullen, an mir kënnen eis et net erlaben deen Zuch ze verpassen.

Dat gëllt natierlech och fir d’Digitalisatioun an den ëffentleche Verwaltungen, wou Lëtzebuerg – am Verglach mat senge Noperen –  gutt do steet, ma et bleift nach Sputt no uewen. Ech denken do un de Partage vun Donnéeën tëscht den Verwaltungen, déi nach kënne verbessert ginn, fir esou eng méi effikass Gestioun ze garantéieren. Och dat dréit zu méi enger besserer Verwaltung an zur Attraktivitéit vun eisem Land bäi.

Ech vergiessen hei awer net d’Roll, déi eng gutt, sécher a flächendeckend Connectioun spillt. Mir brauchen do weider Efforten, fir datt all Stot, egal wou am Land, uerdentlech connectéiert ass. Dat ass wichteg fir d’Inclusioun vun de Bierger, ma och fir eis Wirtschaft a fir eise Gesondheetssecteur, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen.

D’DP ass fir de gläichberechtegten Zougang zu der digitaliséierter Welt fir alleguerten d’Bierger am Land. Dat ass fir eis e Grondrecht an e Prinzip vun der Gläichberechtegung tëschent de Bierger.

Et ass un der Politik, fir de Leit en einfachen, sécheren Accès zu där Welt ze bidden, a fir deenen eng Hand ze reechen, déi nach Hëllef op deem Wee brauchen.

Déi digital Inclusioun ass ee vun den Haaptpiliere fir d’Weiderentwécklung vun eiser Gesellschaft. An d’DP wäert all Initiativen ënnerstëtzen, déi an déi Richtung ginn.  

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

weiderliesen...