Jean Hamilius

Jean Hamilius – E geruede Käschtebam um Eecherfeld

Wat hëlt een engem Mann als Kaddo mat, dee schonn alles huet?

Ier ech bei hien op d’Eecherfeld fueren, plécken ech eng Käscht vum Bam niewent der Fraktioun a leeën se op den Tableau de Bord vum Auto.

De Jean Hamilius ass e richtege Stater. Um Knuedler hu seng Grousselteren hire Lassner aus der Kinniginsgaassweidergefouert, laang Zäit dat gréisste Geschäft vun där Zort am Land: „Et hat déi beschte Qualitéit. D’Leit hunn net gesot, mir hunn e Service vu Rosenthal oder vu Limoges, ma si soten, mir hunn e Service vum Lassner. De Lassner ass also dem Jean Hamilius säin Heemechtshaus.

Däischter Wolleken

Wéi de Jean Hamilius 1939 an de Kolléisch geet, kritt hie gutt mat, wat an Däitschland lass ass. De Papp schwätzt vun „den däischtere Wolleke“ beim Noper. Mat 15 Joer gëtt de Jean mat senger Klass als „Luftwaffenhelfer“ agezunn. Déi fënneft US-Panzerdivisioun liberéiert Lëtzebuerg just mat Zäit, fir dass de Jean (haut och de Jang oder de Mulles) net an d’Wehrmacht muss goen. En hat sech awer schonn eng Stopp um Lampertsbierg organiséiert, ouni datt seng Elteren eppes dovunner woussten – beim Raymond Hagen, sengem Scoutschef.

De 17 Joer jonke Schüler ass dono als Interpret mat den Amerikaner weidergaangen. Wéi däitsch Parachutisten an amerikanescher Uniform hannert der Front an den Ardennen opgedaucht sinn, koum de „Chico“ zréck op Lëtzebuerg, fir besser Identitéitspabeieren ze kréien. Duerch d’Rundstedt-Offensiv wor et awer dunn eriwwer mam Militär; also zréck an de Kolléisch. Et ass d’Zäit vun der Grënnung vum Groupement, dem Virgänger vun der DP. D’Preparativen duerch säi Papp Émile Hamilius, den Eugène Schaus, de Lucien Dury an anerer, huet hie ganz direkt matkritt: d’Versammlunge woren doheem an der Salle à manger, de Jean hat säi Schlofzëmmer niewendrun an huet Munches gehéiert. Dunn d’Première a weider op d‘Ecole Solvay vun der ULB zu Bréissel.

Jean Hamilius
Jean Hamilius

Amerikanesch Bourse an Helsinki

A wéi den Zoufall et wëll, liest de Student am 4ten a leschte Joer op der Toilette op zerschniddenen Zeitungen (den Toilettëpabeier ass rar nom Krich), datt et amerikanesch Unis-Bourse fir Lëtzebuerger gëtt. „Ma dat wär eng gutt Saach“, denkt sech de Jean. E mécht seng Demande a kritt eng vun den zwou éischte Fulbright-Boursse fir d’Belsch a Lëtzebuerg: a fort fir ee Joer op d’Cornell University.

Vu Cornell erëm – an nom lëtzebuergesche Militärdéngscht – geet et ganz séier. No enger éischter Plaz bei der Columeta, associéiert hie sech mat senge Komerode Gerbes, Kioes a Schmitter an hirer frësch gegrënnter Fiduciaire, Gerbes, Kioes & Cie. Den Ufank vu enger Carrière am Finanzwiesen, an där hien ë.a. Grënner a President vum Crédit Européen gëtt, haut d’ING.

1952 ass de SPORA-Athleet Member vun der 4x400m-Staffel (Schaefer, Hami-lius, Hammer, Rasquin) bei den Olympesche Spiller vun Helsinki, eng Staffel, déi donno wärend ville Joren de Landesrekord vun der 400m-Staffel hält. D’Victoire vum Josy Barthel iwwer 1.500 Meter kuckt hie beim Waarmlafen duerch kleng Fënsteren ënnert der Haapttribün. Et wor eng relativ lues Course an de Jean wousst: „Dat do wënnt de Jos”. En huet säin Trainingskolleeg Barthel als gudde Sprinter kannt.

An der zweeter Rei

1974 organiséiert den DP-Generalsekretär Jean Hamilius – zesumme mam Luss Emringer – eng modern Walcampagne: „Mir wore streng”. Et goufe keng Privatcampagnen zougelooss: „Mir hu mussen als eng eeneg Ekipp do stoen!“. De Jean gëtt Regierungsmember an der blo-rouder Koalitioun ënnert dem Gaston Thorn. En ass awer net besonnesch begeeschtert iwwert seng Portefeuillë Landwirtschaft an Ëffentlech Bauten. Als Réviseur d‘entreprise hat hien éischter op d’Ekonomie gehofft. Ma et sief: „Ech si frou an houfreg an där Regierung dobäi gewiescht ze sinn“.

An der nächster Regierung Werner-Thorn steet de Jean Hamilius net méi fir e Ministerposten zur Verfügung. Hie wollt kee professionelle Politiker ginn. De Jacques Poos an de Jean sinn haut déi eenzeg Ministeren aus der Regierung Thorn-Vouel, déi nach do sinn. Getrei sengem Entschloss, déi aktiv Politik ze verloossen, demissionéiert de Jean no zwee Joer an der Chamber an am Europaparlament zu Stroossbuerg.

Et kommen dono vill Jore vun intensiver, professioneller Aktivitéit. Als Revisor, am Conseil vun Investmentfongen oder vun der Lëtzebuerger Zentralbank. Am Privaten ass hien och President vun der Chorale vum Conservatoire, vum Avenir Beggen, vum Cercle Artistique… de Jean hat vill Interessien.

Jean Hamilius
Jean Hamilius a Robi Sinner

Déck rosen an dunn e Buch

No sengem Adieu aus dem Beruffsliewen huet de Jean Hamilius du kënne richteg vu sengem Refuge doheem profitéieren. Bis hie virun e puer Joer „schwäiwëll“ ginn ass, iwwert d’Manéier, wéi jonk Historiker d’Roll vu ville Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich interpretéiert hunn. „Ech duecht, du muss dech am Numm vun all deene wieren, déi net méi do sinn“. Dat wor d‘Motivatioun fir säi Buch Luxemburg im Wandel der Zeit, dat um Enn awer wäit iwwert eng historesch Replique erausgaangen ass.

Ech ginn dem Xavier 100% Recht

Um Enn weist de Jean mer houfreg säi Gaart an e wonnerschéine Käschtebam, deen hie selwer viru laange Jore gesat huet. Zäit fir eng leschte Fro: Jean, hat d’DP Recht fir 2013 guer net mat der CSV ze schwätzen? „Ech ginn dem Xavier 100% Recht. Wa se ugefaangen hätten, mat der CSV ze diskutéieren, da wier et näischt mat Gambia ginn. Den Drock – och intern – wier ze grouss ginn.

Da wier eng historesch Chance fort gewiescht. Well d’CSV hätt dem Xavier à la limite och nach de Premier ginn, fir dobäi ze bleiwen. Wann dat do net an enger Nuecht séier gemaach gi wär, wär d’Chance fort gewiescht“.

Ier ech um Eecherfeld fortfueren, ginn ech meng Käscht an den Auto sichen a ka mer eng amplaz vum Bam plécken.

A wéi ech dem Jean aus dem Auto eraus wénken, steet hien do, grued ewéi säi Käschtebam. Zwee, déi sech net séier béie loossen…

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.