Klimabiergerrot

Am Kader vu senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel d’Iddi vun engem Klimabiergerrot lancéiert. Enn Januar ass et du lassgaang: An der éischter vu ronn 15 Reunioune sinn d’Membere fir d’éischt  iwwert den aktuelle Stand der Dinge a Saache Klimapolitik informéiert ginn.

Wéi wäit kann a soll Lëtzebuerg iwwert seng aktuell Klimaziler erausgoen? A wéi eng Mesurë mussen dofir geholl ginn? Doriwwer sollen déi 100 Fraen a Männer diskutéieren, déi d’Lous decidéiert huet, fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft am Klimabiergerrot ze vertrieden. Si kommen aus alle Gesellschafts- an Altersschichten, aus alle Géigende vum Land, et si Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger dobäi.

Bis Ufank Juli solle si konkret Propose maachen, déi duerno an der Chamber diskutéiert ginn an déi mat an den neie Klimaplang fléisse sollen.

De Klimawandel stellt eis Gesellschaft virun enorm Erausfuerderungen. Dofir huet d’Regierung och dësen eemolegen historesche Projet an d’Liewe geruff, wou jidderee soll matschwätze kënnen, fir deen Defi unzehuelen.  

Fir d’DP ass et wichteg, dass et kee Gremium vu Politiker ass, dee vun uewen erof Decisiounen hëlt. Et ass e spannenden Exercice vu partizipativer Demokratie, bei deem déi 100 Vetrieder vun eiser Gesellschaft zesummekommen a  Positiounen ausschaffen. Si ginn dobäi vun Experten aus de verschiddenste Beräicher encadréiert, fir a beschter Kenntnis vun der Matière kënnen ze schaffen. 

Och wann de Klimabiergerrot elo mat senger Aarbecht ufänkt, kann nach ëmmer all Mënsch seng Iddien a Proposen zu der kënfteger Klimapolitik vun der Regierung eraginn: www.klima-biergerrot.lu

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...