Klimabiergerrot

Am Kader vu senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel d’Iddi vun engem Klimabiergerrot lancéiert. Enn Januar ass et du lassgaang: An der éischter vu ronn 15 Reunioune sinn d’Membere fir d’éischt  iwwert den aktuelle Stand der Dinge a Saache Klimapolitik informéiert ginn.

Wéi wäit kann a soll Lëtzebuerg iwwert seng aktuell Klimaziler erausgoen? A wéi eng Mesurë mussen dofir geholl ginn? Doriwwer sollen déi 100 Fraen a Männer diskutéieren, déi d’Lous decidéiert huet, fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft am Klimabiergerrot ze vertrieden. Si kommen aus alle Gesellschafts- an Altersschichten, aus alle Géigende vum Land, et si Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger dobäi.

Bis Ufank Juli solle si konkret Propose maachen, déi duerno an der Chamber diskutéiert ginn an déi mat an den neie Klimaplang fléisse sollen.

De Klimawandel stellt eis Gesellschaft virun enorm Erausfuerderungen. Dofir huet d’Regierung och dësen eemolegen historesche Projet an d’Liewe geruff, wou jidderee soll matschwätze kënnen, fir deen Defi unzehuelen.  

Fir d’DP ass et wichteg, dass et kee Gremium vu Politiker ass, dee vun uewen erof Decisiounen hëlt. Et ass e spannenden Exercice vu partizipativer Demokratie, bei deem déi 100 Vetrieder vun eiser Gesellschaft zesummekommen a  Positiounen ausschaffen. Si ginn dobäi vun Experten aus de verschiddenste Beräicher encadréiert, fir a beschter Kenntnis vun der Matière kënnen ze schaffen. 

Och wann de Klimabiergerrot elo mat senger Aarbecht ufänkt, kann nach ëmmer all Mënsch seng Iddien a Proposen zu der kënfteger Klimapolitik vun der Regierung eraginn: www.klima-biergerrot.lu

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Claude Lamberty

E Solidaritéitspak fir Land a Leit

An der Tribune Libre um Radio schwätzt eise Generalsekretär Claude Lamberty dës Woch iwwert den historesche Solidaritéitspak vun 830 Milliounen Euro, op deen d’Tripartite sech gëeenegt huet, fir d’Leit an d’Betriber duerch déi aktuell Kris ze bréngen.

weiderliesen...

Zesumme géint Russland stoen

A senger Tribune libre um Radio schwätzt eisen Deputéierte Gusty Graas iwwert déi russesch Attacke géint d’Ukrain an iwwert d’Mesuren, déi de fräiheetlech gesënnte Länner géint de Regime vum Wladimir Putin zur Verfügung stinn.

weiderliesen...
Yuriko Backes

Yuriko Backes – déi nei Finanzministesch

Als Finanzministesch ass et eng natierlech Prioritéit, dofir ze suergen, datt ons Staatsfinanze weider gesond bleiwen. Da kënne mir nämlech onst Land gezielt op d’Zukunft virbereeden, an zwar andeems mir an déi nohalteg an an déi digital Entwécklung investéieren.

weiderliesen...