Le coin satirique

Le coin satirique – septembre 2020

Am Lëtzebuerger Marieland ass een sech eens. 2020 ass eent vun de schlëmmste Joren zanter laangem. Eng Hiobsbotschaft no der anerer: d’Gromperefest vu Bënzelt ass ofgesot ginn, et gouf kee schoulfräi fir d’Sprangprëssessioun an den 29. Abrëll ass fir d’Lëtzebuerger eng Welt zesummegebrach: d’Päischtcroisière ass annuléiert ginn. All Generalversammlung, all Aweiung an all Dëppefest tëschent Zowaasch a Schlënnermanescht: ofgesot. Fir d’Lokalpolitiker huet dat geheescht, owes doheem ze bleiwen. Verschiddener hunn ebeemol gemierkt, datt se eng Fra hunn an datt d’Kanner nach ëmmer doheem wunnen.

An esou enger Krisesituatioun léiert ee ganz vill – ze vill – iwwert seng Matmënschen. Wien hätt geduecht, datt d’Lëtzebuerger sou schaarf op Räis, Nuddelen a Toilettëpabeier sinn an och emol gären iwwer eng Stonn am Stau sti fir e BigMac. Spéitstens, wéi een am Luxbazar d’Annonce gelies huet „Fra mat Schäisspabeier sicht Mann mat Nuddelen“, wosst een, datt d’Situatioun doudeescht wier.

Ma jidderee wousst sech am Lockdown ze hëllefen an esouguer ze schaffen, an zwar digital. Jiddereen? Jo! Esouguer d’Astrid Lulling (mat hire knapp 91 Joer) an d’Simone Beissel (quasi eng digital-native) hunn hir Fernseeshow iwwer Videokonferenz opgeholl! An déi Gréng hunn et am drëtten Ulaf fäerdeg bruecht, en Digitalkongress z‘organiséieren. All Respekt! 

De Lockdown huet och eppes fäerdeg bruecht, wourunner de Fränz Bausch sech zanter Joren d’Zänn ausbäisst: Et gouf keng Staue méi.

Du koum den Deconfinement! De Finanzminister huet mussen de Staats-Portmonni esou grouss opmaachen, datt him d’Krauselen ausser Kontroll gerode sinn. Hoffe mer just, datt Lëtzebuerg net säin Triple-A verléiert, well soss kënnen dem Pierre Gramegna seng Hoer fir näischt garantéieren. Den Tourismusminister Lex Delles huet dem ganze Land e Bong am Wäert vu vu 50€ geschenkt! D’Kiffer waren ausser sech vu Freed, well de Cannabis jo gläich soll legaliséiert ginn. Ma wéi si du gewuer gi sinn, datt dee Bong just fir eng Nuecht op engem Éisléker Camping wier, war d’Freed manner grouss. Eent nom aneren: fir d’éischt #Vakanzdoheem an duerno #Kiffendoheem.

Déi laangjäreg Oppositiounspartei CSV huet et schwéier wärend der Pandemie. Fir d‘éischt sinn hinnen d’Spillplazen net séier genuch opgaangen, du wollten si, datt d’Bistroen op Nationalfeierdag bis an d’Nuecht eran ophunn a schliisslech ass sech beschwéiert ginn, datt ze séier deconfinéiert ginn ass. Do hëlleft et och net wann de Frank Engel (dat ass den aktuelle President vun der CSV) zu eppes „Jo“ seet an seng Partei den Dag dono „Nee“ seet. Datt de Bierger dat net versteet, hunn och déi lescht Sondage gewisen. Ma ëmmerhin huet d’CSV elo d’Erneierung entdeckt: De Jean-Paul Schaaf (54) ersetzt de Marco Schanck (65) an der Chamber.

Dir wäert et net gleewen, ma 2020 hat bis ewell och positiv Nouvellen: Den Etienne Schneider krut säi Liewen zréck, den HSV huet et schonn erëm fäerdeg bruecht net ofzesteigen, d’DP huet eng nei Sektioun Lëntgen an dir liest grad déi éischt Editioun vum neien DP-Magazin! Wann dat net näischt ass, da weess ech och neméi virun…

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratuité des maisons relais et des cours de musique

Les crèches, maisons relais, foyers scolaires et parents de jour assument un rôle important dans la mise en œuvre de la politique de l’éducation du ministre Claude Meisch, qui vise à donner à chaque enfant les mêmes chances de départ et d’éducation dans la vie.

Le DP est le gardien de la paix sociale dans le pays

La conférence de presse annuelle du groupe parlementaire du DP concernantla dernière session parlementaire a été dominée par les conséquences à long terme de la pandémie de la COVID-19 et les conséquences directes de la guerre en Ukraine.