De satiresche Eck

De satireschen Eck – September 2020

Am Lëtzebuerger Marieland ass een sech eens. 2020 ass eent vun de schlëmmste Joren zanter laangem. Eng Hiobsbotschaft no der anerer: d’Gromperefest vu Bënzelt ass ofgesot ginn, et gouf kee schoulfräi fir d’Sprangprëssessioun an den 29. Abrëll ass fir d’Lëtzebuerger eng Welt zesummegebrach: d’Päischtcroisière ass annuléiert ginn. All Generalversammlung, all Aweiung an all Dëppefest tëschent Zowaasch a Schlënnermanescht: ofgesot. Fir d’Lokalpolitiker huet dat geheescht, owes doheem ze bleiwen. Verschiddener hunn ebeemol gemierkt, datt se eng Fra hunn an datt d’Kanner nach ëmmer doheem wunnen.

An esou enger Krisesituatioun léiert ee ganz vill – ze vill – iwwert seng Matmënschen. Wien hätt geduecht, datt d’Lëtzebuerger sou schaarf op Räis, Nuddelen a Toilettëpabeier sinn an och emol gären iwwer eng Stonn am Stau sti fir e BigMac. Spéitstens, wéi een am Luxbazar d’Annonce gelies huet „Fra mat Schäisspabeier sicht Mann mat Nuddelen“, wosst een, datt d’Situatioun doudeescht wier.

Ma jidderee wousst sech am Lockdown ze hëllefen an esouguer ze schaffen, an zwar digital. Jiddereen? Jo! Esouguer d’Astrid Lulling (mat hire knapp 91 Joer) an d’Simone Beissel (quasi eng digital-native) hunn hir Fernseeshow iwwer Videokonferenz opgeholl! An déi Gréng hunn et am drëtten Ulaf fäerdeg bruecht, en Digitalkongress z‘organiséieren. All Respekt! 

De Lockdown huet och eppes fäerdeg bruecht, wourunner de Fränz Bausch sech zanter Joren d’Zänn ausbäisst: Et gouf keng Staue méi.

Du koum den Deconfinement! De Finanzminister huet mussen de Staats-Portmonni esou grouss opmaachen, datt him d’Krauselen ausser Kontroll gerode sinn. Hoffe mer just, datt Lëtzebuerg net säin Triple-A verléiert, well soss kënnen dem Pierre Gramegna seng Hoer fir näischt garantéieren. Den Tourismusminister Lex Delles huet dem ganze Land e Bong am Wäert vu vu 50€ geschenkt! D’Kiffer waren ausser sech vu Freed, well de Cannabis jo gläich soll legaliséiert ginn. Ma wéi si du gewuer gi sinn, datt dee Bong just fir eng Nuecht op engem Éisléker Camping wier, war d’Freed manner grouss. Eent nom aneren: fir d’éischt #Vakanzdoheem an duerno #Kiffendoheem.

Déi laangjäreg Oppositiounspartei CSV huet et schwéier wärend der Pandemie. Fir d‘éischt sinn hinnen d’Spillplazen net séier genuch opgaangen, du wollten si, datt d’Bistroen op Nationalfeierdag bis an d’Nuecht eran ophunn a schliisslech ass sech beschwéiert ginn, datt ze séier deconfinéiert ginn ass. Do hëlleft et och net wann de Frank Engel (dat ass den aktuelle President vun der CSV) zu eppes „Jo“ seet an seng Partei den Dag dono „Nee“ seet. Datt de Bierger dat net versteet, hunn och déi lescht Sondage gewisen. Ma ëmmerhin huet d’CSV elo d’Erneierung entdeckt: De Jean-Paul Schaaf (54) ersetzt de Marco Schanck (65) an der Chamber.

Dir wäert et net gleewen, ma 2020 hat bis ewell och positiv Nouvellen: Den Etienne Schneider krut säi Liewen zréck, den HSV huet et schonn erëm fäerdeg bruecht net ofzesteigen, d’DP huet eng nei Sektioun Lëntgen an dir liest grad déi éischt Editioun vum neien DP-Magazin! Wann dat net näischt ass, da weess ech och neméi virun…

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider Artikelen

Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat.

Marc Hansen

Neie Gehälter-Accord

Den neie Gehälter-Accord mat der CGFP erlaabt et der Regierung an Zukunft, fir de Fokus am ëffentlechen Déngscht op d’Aarbechtskonditioune vun de Beamten ze leeën.

DP-Lëntgen

D’DP huet elo och eng Sektioun an der Gemeng Lëntgen

Zanter Oktober 2020 huet och déi leschte Gemeng aus dem Uelzechtdall eng DP-Sektioun. 2023 wäert zu Lëntge bei de Gemengewale fir d’éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt ginn. Fir d’DP ass et dofir wichteg, sech elo scho gutt opzestellen.

Patrick Goldschmidt

Stad Lëtzebuerg: Méi Plaz fir d’Mënschen

Déi douce Mobilitéit weiderbréngen, de Mënsche méi Plaz am ëffentleche Raum ginn, d’Stad nach méi attraktiv maachen: Scho virun der Pandemie ass um Knuedler vill doru geschafft ginn, ma Covid huet ouni Zweiwel gehollef, fir Projeten nach méi séier ëmzesetzen.