L’égalité entre les femmes et les hommes dans le sport luxembourgeois

Au cours des dernières décennies, la politique d'égalité des chances n'a cessé de s'améliorer au Luxembourg. Le sport, en particulier, peut jouer un rôle important dans cette thématique. Les députés du DP Carole Hartmann et Claude Lamberty ont demandé aux ministres compétents ce qu'il en était de l'égalité entre hommes et femmes dans le sport luxembourgeois.

„D’Gläichstellungspolitik zu Lëtzebuerg huet sech déi lescht Joerzéngte kontinuéierlech verbessert. Dëst net zu gudder Lescht wéinst dem engagéierten Handele vun der aktueller Regierung.

Leider si vill Beräicher an eiser Gesellschaft –  och de Sport – nach ëmmer vu Stereotyppe  gepräägt.

Meedercher a Frae sinn a ville Beräicher vum Sport – sief et als Athletinnen, Trainerinnen, Mataarbechterinnen oder a responsable Positiounen an de Sportsveräiner, als Arbitterinnen oder als Supporter – ënnerrepresentéiert. Daat zielt och fir d’LGBTQ+ Communautéit.

Besonnesch de Sport kann awer eng wichteg Roll bei der Gläichstellung tëschent alle Persoune  spillen. 

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir d’Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an dem Här Sportminister folgend Froe stellen:

  • Ginn et Zuelen iwwert de Prozentsaz vu Männer, Fraen a Persounen aus der LGBTQ+ Communautéit déi an de lëtzebuerger Sportveräiner selwer aktiv sinn an/oder als Trainer oder Arbitter engagéiert sinn?
  • Ginn et Zuelen iwwert de Prozentsaz vu Männer, Fraen a Persounen aus der LGBTQ+ Communautéit déi an de Gremie vun de Lëtzebuerger Sport-Federatiounen aktiv sinn?
  • Wéi huet sech de Prozentsaz vu Fraen entwéckelt, déi an de verschiddene Kadere vum COSL gefërdert gi si respektiv ginn?
  • Wéi huet sech de Prozentsaz vu Fraen entwéckelt, déi Lëtzebuerg op den Olympesche Spiller vertrueden hunn?
  • Ginn et am Lëtzebuerger Spëtzesport nach ëmmer Ënnerscheeder bei de Remuneratioune vun de Sportler, respektiv bei de Präisgelder op Lëtzebuerger Sportsmanifestatiounen?
  • Wéi eng Mesurë ginn ënnerholl a wéi eng Efforten si geplangt, fir d’Gläichstellung bei der Fërderung vu Lëtzebuerger Spëtzesportler z’erméiglechen?
  • Wéi eng Mesurë si geplangt, fir d’Gläichstellung am Sportsbenevolat ze stäerken?
  • Ginn am Sënn vun der Gläichheet vun alle Persounen och Initiative geholl fir d’LGBTQ+ Communautéit am Lëtzebuerger Sport ze integréieren an ze ënnerstëtzen?“

Réponse

D’Gläichstellungspolitik zwëschent Fraen a Männer ass generell eng Prioritéit vun der lëtzebuerger Regierung, sou wéi de Regierungsprogramm an de Nationalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer et och ennersträichen. De Sport spillt schon haut eng Virreiderroll, well en e wichtegen Undeel um alldeeglechen Liewen vu Meedercher a Jongen, vu Fraen a Männer anhëllt. Am Sport sinn d’Stereotypen, déi mer de Geschlechter zouuerdnen besonnesch staark ausgeprägt. Déi sozial Contructiounen vu Maskulinitéit a Féminitéit spillen do eng iwwergeuerdnet Roll, well mer mam Sport virun allem männlech Eegenschaften wéi Kraaft, Stäerkt, Duerchsetzungsverméigen a Virilitéit verbannen. Dëst schléit sech och leider an der Wertschätzung vu Meedercher a Fraen am Sport néier, dëst ganz besonnesch bei hierer Représentatioun an de Héichleeschtungskaderen, de Verwaltungsgremien an de jeweilegen Fédératiounen a Klibb an net zu läscht och bei der Rémunératioun vun hieren sportlechen Leeschtungen.

Virun dësem Hannergrond setzt den Nationalen Gläichstellungsplang engersäits den Akzent op de Kampf géint geschlechtsspezifesch Stereotypen an anerersäits op d’Promotioun vun der Egalitéit am Sport :

  • De Gläichstellungsministère ennerstëtzt d’Fuerschung am Beräich vun de Geschlechterstereotypen an seng Konsequenzen op eis Gesellschaft, dëst an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg;
  • De Gläichstellungsministère ass doriwwer eraus amgaangen eng Informatiounscampagne iwwert de Sexismus auszeschaffen, déi sech op d’Campagne vum Europarot „Sexisme : Vois-le, dis-le, stoppons-le !“ baséiert, an déi sech och op de Sexismus am Sport bezitt ;
  • Den Dialog matt den Schlësselacteuren am Sport – dem Sportsministère, dem Conseil supérieur des Sports, de Sportfédératiounen an hiren affiliéierte Veräiner, dem COSL an der Sportpress – ass en aneren wichtegen Schwéierpunkt.

Den Glaïchstellungsministère an den  Sportsministère sin och a Kontakt fir mëttelfristeg en Gläichstellungsplang am Sport auszeschaffen.   

Waat elo konkret Zuelen ubelaangt, esou huet den Sportsministère den 10. Februar 2022 den  agrééierte Sportsverbänn per Circulaire een Questionnaire iwert d’Gläichstellung zoukommegelooss, deen eben als „point de départ“ sollt gëllen fir d’Auschaffen vun engem Gläichstellungsplang am Sport. Well nach net all Verband dësen Questionnaire eragereecht huet,  wäerten des Aarbechten nach undaueren. De Sportsministère huet a wäert allerdengs desen Verbänn waermestens un d’Häerz leen, dëst zäitno ranzereechen. D’Circulaire mam Questionnaire fënnt een um Portail vum Sportsministère (www.sports.lu). Déi lescht Zuelen a Punkto Gläichstellung sinn am Aktivitéitsrapport 2021 vum Sportsministère nozeliesen, deen och um Portail publizéiert ass.

Waat elo déi verschidden Kaderen vum COSL ubelaangt, esou ass ze soen, dass d’Kaderzesummenstellung eng Kompetenz vun den zoustaennegen Instanzen vum COSL ass, an dëst no den Kritären déi den COSL sech selwer ginn huet. 

Och d’Sélektioun vun de Sportler a Sportlerinnen, déi eist Land op den olympeschen Spiller vertrieden fällt an d‘Zoustaennegkeet vum COSL.

D‘Ennerscheeder bei den Remunératiounen, respektiv de Präisgelder sinn ee Sujet mat deem sech souwuel de Gläichstellungsministère, ewei och den Sportsministère befaassen. Allerdéngs fällt dëse Sujet  och zum Deel ennert d’Autonomie vum Fonctionnement vun den Sportsverbänn, an hängt och zum Deel  vun der Spezifiziteit vun der jeweileger Sportart of.

Waat Subsiden an de Congé sportif ubelaangen, esou gëtt et do am Beräich vum Sportsministère eng absolut Gläichstellung zwëschent de Geschlechter.

Waat elo d’Initiativen fir d’LGBTQ+-Communautéit betrëfft, esou huet déi lëtzebuerger Regierung 2018 den éischten nationalen Aktiounsplang ausgeschafft fir d’Rechter vun de lesbesche, schwulen, bisexuellen, transgender an intergeschlechtleche (LGBTI) Mënschen ze stäerken. Dëse gouf an Zesummenaarbecht mat der Zivilgesellschaft an de nationale Mënscherechtsorganisatiounen ausgeschafft, an huet eng global Approche fir d’Diskriminatiounen géint LGBTI Mënschen an de verschiddene Liewensberäicher ze bekämpfen.

Souhaitez-vous une traduction en français de cette question parlementaire ?

Partager :

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Plus de questions parlementaires

Pourquoi le rappel d’appareils respiratoires a-t-il été annoncé si tard ?

En juillet 2021, une entreprise a rappelé ses appareils respiratoires médicaux dans le monde entier. Ce rappel n’a toutefois été annoncé que fin octobre au Luxembourg. Le député du DP Gusty Graas a demandé à la ministre de la Santé qui est responsable de la communication avec les personnes concernées dans une telle situation, pourquoi l’information n’a pas été communiquée à temps et si les procédures devraient éventuellement être adaptées.

lire plus...

Des mesures supplémentaires sont-elles prises pour faire face aux nombreux cas de bronchiolite ?

Le nombre élevé de bronchiolites entraîne une surcharge des services de pédiatrie. En France, le “plan blanc” a été annoncé au niveau national, un plan sanitaire d’urgence et de crise visant à améliorer le fonctionnement des hôpitaux en cas d’épidémie.
Les députés du DP Carole Hartmann et Gilles Baum ont voulu savoir de la Ministre de la Santé si des mesures supplémentaires seront prises dans notre pays pour continuer à garantir les soins de santé à nos enfants et comment éviter à l’avenir une surcharge des services pédiatriques.

lire plus...

AMMD démissionne du Conseil de gérance de l’Agence eSanté

Les membres de l’AMMD ont démissionné du Conseil de gérance de l’Agence eSanté. Les députés du DP Carole Hartmann et Gusty Graas ont voulu savoir de la part des ministres responsables comment ils réagiraient à cette démission, quels effets cela aurait sur le fonctionnement du Conseil de gérance et si un dialogue avec l’AMMD sera recherché.

lire plus...