Corinne Cahen

Lëtzebuerg gëtt méi accessibel

Mir wënschen eis eng Welt, an där all Mënsch iwwerall Zougank huet – net nëmme physesch, mee och den Zougank zu den Informatiounen. Wärend der Coronapandemie huet d’Regierung hiert Méiglechst gemaach, fir jidderengem all Informatiounen ze ginn:  Esou sinn d’Deplianten an e puer Sproochen iwwersat ginn an d’Pressekonferenze konnten a Gebäerdesprooch suivéiert ginn. 

D’DP wëll eng Welt ouni Barrièren. Mir wëllen e Land, an deem d’Inclusioun gelieft gëtt, an an deem d’Leit sech fräi beweege kënnen. Well och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer nach ongewollten Diskriminatioun vu Leit mat Behënnerungen, vun eelere Persounen, déi neméi gutt zu Fouss sinn, oder vun Eltere mat Kannerkutschen, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen. Vill Gebaier a Stroosse sinn net d’nämmlecht accessibel fir jiddereen. D’Sich no enger Wunneng fir Leit mat spezifesche Besoinen z.B. ka ganz schwéier sinn.  

Fir dass all Bierger vun der Barrièrefräiheet profitéiere kann, huet d’Familljeministesch Corinne Cahen d‘Gesetz iwwert d’Accessibilitéit ausgeschafft an deposéiert. An Zukunft sollen all ëffentlech Gebaier, d’Voirie an och Residenzen nom Prinzip vum Design for All gebaut oder renovéiert ginn. An Zukunft muss jidder Mënsch seng Liewensrealitéit consideréiert ginn. Praktesch bedeit dat, dass d’Parties communes an den Appartementshaiser mussen accessibel sinn, dass Wunnengen esou gebaut ginn, dass een ënnert anerem kann d’Schell esou upassen, datt eng Luucht an der Wunneng ugeet, wann ee schellt (z.B. fir eng gehörlos Persoun). Weider solle méi breet Diere Standard am Bau ginn, grad ewéi Pentë fir Leit am Rollstull, oder e Minimum u Vestiairen an Hotelszëmmeren, dee muss fir all Mënsch garantéiert ginn.

Eng besser Accessibilitéit ass e wichtegen an zentralen Aspekt vun der Inclusiounspolitik vun der Regierung. Well all Mënsch huet e fundamentaalt Recht op Beweegungs- an Informatiounsfräiheet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...