Lex Delles

LëtzShop – Eng Success Story

D’Leit kafen ëmmer méi online. Dësen Trend huet sech wärend der Pandemie nach eemol verstäerkt. Fir de Besoine vun de Konsumenten entgéint ze kommen a gläichzäiteg de lokale Commerce ze ënnerstëtze gouf d’Plattform Letzshop.lu an d’Liewe geruff. Si dréit och zur Diversifikatioun an Digitalisatioun vum Lëtzebuerger Eenzelhandel bäi.

D’Zuele schwätze fir sech. Mëttlerweil sinn iwwer 500 lokal Geschäfter um Site, déi ongeféier 370.000 Artikele proposéieren. Tëschent Juni 2020 an Oktober 2020 hunn iwwer 450.000 Leit den Onlineshop besicht an et gouf iwwer 3 Millioune Säitenopriff. Enn 2020 goufen och Geschenkbongen am Wäert vun 350.000€ op Letzshop.lu verkaf.

De Mëttelstandsminister Lex Delles ass iwwerzeegt : „ D’Onlineverkafsplattform Letzshop hëlleft de Geschäfter sech der digitaler Erausfuerderung ze stellen a gläichzäiteg deen Eenzelhandel ze ënnerstëtzen.“ Fir d’Geschäfter grad an dëse schwieregen Zäiten ze incitéieren de Schratt op d’Plattform ze woen, huet de Mëttelstandsminister och decidéiert, datt déi järlech Cotisatioun vu 500€ fir 2020 an 2021 net ze bezuelen ass.

Zudeem gouf wärend dem éischte Lockdown eng zousätzlech Plattform corona.letzshop.lu kuerzfristeg agesat. Dës huet e Liwwerservice fir déi vulnerabel Persounen offréiert, déi net konnten oder wollten an de Supermarché goen.

Letzshop ass eng wichteg komplementar Léisung zum klasseschen Eenzelhandel, besonnesch fir déi Betriber déi hir Diere wärend der Kris hu missten zoumaachen. Duerch de kompletten Abroch vum Ëmsaz vum traditionellen Eenzelhandel konnten eng sëllege Betriber sech iwwert de Wee vum Online-Handel ee klengt Basisakommes sécheren. Och wann eesech aner Ëmstann gewënscht hatt, sou hunn iwwert 130 nei Betriber, bedéngt duerch d’Kris, de Wee an d’Digitalisatioun méi séier ageschloen. D’Covid-19 Kris huet gewisen, dass et wichteg ass fir ee Betrib seng Wueren iwwert méi Weeër unzebidden. D’Plattform Letzshop dréit dofir ee substantiellen Deel dozou bäi fir dass den Eenzelhandel ee gesonde Mix tëschent klasseschem Verkaf an Online-Presenz ka fannen.

Fir de Lex Delles an d’DP sinn déi lokal Geschäfter ee fundamentaalt Element an eiser Wirtschafts- a Sozialstruktur sinn an zum Bild vun eise Stad- an Duerfkäre bäidroen. Hiert Iwwerliewen ass vun héchster Wichtegkeet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...