Klimaneutral Mobilitéit – Ass dat méiglech?

Déi dauerhaft héich Bensinnspräisser an déi deeglech Hiobsbotschaften a punkto Gasversuergung loossen déi meescht vun eis d’Ofhängegkeet vun de fossillen Energië spieren. Datt vill europäesch Länner nach ëmmer Gas aus Russland kréien, weist dass dat sech och net vun haut op muer ännere léisst. 

Mee Klimaneutralitéit ass méiglech – d’Mënschheet huet et schonns bewisen. Iwwer d’Joerdausenden huet d’Welt klimaneutral gelieft, bis se virun iwwer 200 Joer déi enorm Virdeeler vun de fossillen Energien entdeckt huet: Mat e puer Tëschenetappe gouf d’Seegel- duerch d’Containerschëff an d’Kutsch duerch den Auto ersat. D’fossil Energien hunn alles méi bëlleg, méi séier a méi effikass gemaach.

Och wann den Defi – z.B. bei der Mobilitéit – enorm ass, soll dat net heeschen, datt mer an d’Kutschenzäitalter zeréckgoe mussen, fir klimaneutral ze ginn. Et muss méi attraktiv ginn, kuerz Trajete mam Vëlo oder mam Bus ze maachen. Dozou gehéieren net nëmmen eng Verbesserung vum Vëlos- oder Busreseau, mee och eng Steierpolitik mam Zil, fir grouss, schwéier Autoe méi onattraktiv ze maachen. 

Als Liberale wëll ech kengem verbidden, mam Fliger an d’Vakanz ze fléien oder mat engem décken Auto duerch d’Géigend ze fueren. Mee an dësem Fall muss deejéinegen e gerechte Präis dofir bezuelen. Kleng elektresch Autoe wäerten allerdéngs Deel vun dëser klimaneutraler Mobilitéit sinn, sief et fir Trajete baussent de Stied, fir den Transport vu Gidder oder vu méi wéi enger Persoun.

Lou Linster
Vizepresident Jonk Demokraten
Gemengeconseiller zu Leideleng
Ingenieur

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.