Xavier Bettel

Mat Courage a Vertrauen no vir kucken

Lëtzebuerg stäerken

Mir alleguerten hunn déi lescht Méint Aussergewéinleches geleescht. Zesummen hu mir et fäerdeg bruecht, bis elo gutt duerch dës sanitär Kris ze kommen.

Mir hunn Aarbechtsplazen ofgeséchert an eis Betriber stabiliséiert. Mam Chômage partiel a mat enger ganzer Rei un direkten an indirekten Hëllefen, hu mir séier reagéiert. Mat der Verdueblung vun der Allocation de vie chère a mam Afréiere vun de Loyeren, hu mir de sozialen Zesummenhalt am Land garantéiert. Mir hu keen am Ree stoe gelooss

Perspektive schafen

De Chômage partiel gëtt verlängert a wäert och d’nächst Joer Aarbechtsplazen ofsécheren. Do dernieft gräife mir mat neien Direkthëllefen, deene Betriber a Selbststännegen ënnert d’Äerm, déi weider staark vun der Kris betraff sinn. Domadder gi mir hinnen an hire Mataarbechter déi néideg Sécherheet fir d’Zukunft. Mir loosse si net am Stach.

Chancen notzen

Och an noer Zukunft ass eis éischt Prioritéit, fir d’Land gutt duerch d’Kris ze féieren, Mënscheliewen ze retten, Aarbechtsplazen ofzesécheren an eis Ekonomie erëm ze relancéieren. Mir wäerten awer och d’Chance notzen, déi de Virus eis virun Ae gefouert huet.

Mir hunn e Projet fir Lëtzebuerg weider ze entwéckelen, fir esou eis Liewensqualitéit z’erhalen, an de groussen Erausfuerderunge fir eist Land, fir eis Wirtschaft a fir eis Ëmwelt gerecht ze ginn. Mir halen un deem Projet fest.

Mir wäerten dobäi keng onnéideg Experimenter maachen. Mir wäerte keng Steiererhéijungen aféieren, weder op der Ierfschaft an direkter Linn, nach um Verméigen. Dofir setze mir awer op Innovatioun – och am Kampf géint de Klimawandel –, op méi Zäit fir d’Famill – andeems mir ë.a. den Teletravail fërderen – an op héich Investitioune fir déi nächst Generatiounen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.