DP-Fraktioun

Neies aus der Fraktioun

Kuerz virun der politescher Summervakanz huet d’DP-Fraktioun hiren traditionelle Bilan virun der Press gezunn.

D’Fraktioun ass déi nei Legislaturperiod mat vill Äifer a Fläiss ugaangen, esou de President Gilles Baum. Mat der Erhéijung vum Mindestloun, dem Aféiere vun engem zousätzleche Congésdag an dem Verkierze vum Stage am ëffentlechen Déngscht konnten direkt am éischte Joer vill Punkten aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat ginn. Et hätt ee wëlle mat deem Elan weiderfueren, mä d’Joer 2020 wier bis ewell haaptsächlech vun der Coronakris dominéiert gewiescht – an domadder och déi parlamentaresch Aarbecht.

D’DP-Fraktioun hätt awer wärend där Zäit Verantwortung iwwerholl a wier ëmmer disponibel gewiescht, fir kuerzfristeg op d’Entwécklung vun den Infektiounszuelen ze reagéieren. De Fraktiounspresident huet an deem Kontext nach eemol ënnerstrach, datt et fir d’DP keen einfachen Zeréck an déi al Normalitéit dierft ginn. Et misst een déi richteg Léieren aus der Corona-Kris zéien an déi entstane Chancen notzen. Dat wier eng Prioritéit fir déi kommend Méint: ugefaange bei der Fërderung vum Télétravail.

Wärend dem Confinement waren déi positiv Auswierkunge vum Homeoffice nämlech iwwerall ze spieren: manner Stroossentrafic, méi Plaz an de Bussen an an den Zich, méi Zäit fir Famill a Fräizäit. Op deem Wee wëlle mir weiderfueren.

Déi sanitär Kris hätt och gewisen, wéi wichteg d’Stäerke vun eise lokale Betriber a vun eise lokale Liwwerkette wieren. „Fir eis Ofhängegkeet vum Ausland ze reduzéieren, solle mir de Courage hunn, fir nees méi lokal ze denken“, huet de Gilles Baum ënnerstrach. Dat géif net nëmme fir de Commerce a fir eis Handwierksbetriber gëllen, mä och fir den Tourismus.

Donieft wäert sech d’DP weider fir eng méi flexibel Aarbechtszäitgestaltung fir all Salariéen asetzen. De Confinement hätt nämlech bewisen, datt d’Flexibilitéit op der Aarbecht de Leit guttdeet. D’DP-Fraktioun wëll dofir dem Wonsch vu ville Salariéen nokommen a hinne séier d’Méiglechkeet ginn, fir en eegenen Aarbechtsmodell mat hirem Patron auszehandelen.

DP-Fraktioun
Pim Knaff
Pim Knaff – Eisen neie Süddeputéierten
(52 Joer, Affekot, Schäffe vun der Stad Esch)

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.