Pacte Logement 2.0

Gutt 13 Joer nom éischte Pacte Logement, huet d’Chamber viru Kuerzem de Pacte Logement 2.0 gestëmmt. De Pacte Logement 2.0 ass eng néi Allianz tëschent dem Staat an de Gemenge fir méi bezuelbare Wunnraum ze schaffen. Zesumme soll d‘Offer vu ëffentlechem, bezuelbarem an nohaltegem Wunnengsbau massiv an d‘Luucht gesat ginn. Dofir ginn d’Gemengen duerch eng logistesch a finanziell Hëllef vum Wunnengsbauministère ënnerstëtzt.

“De Pacte Logement 2.0 ass e grousse Schratt géint d’Deierecht vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg!”

Den neie Pacte Logement wäert de Strukturwandel ënnerstëtzen, deen sech d’Lëtzebuerger Gesellschaft am Wunnengsbau erwaart. An dem Kontext, huet de Logementsspriecher vun der DP, de Max Hahn, a senger rezenter Chambersried vun engem Paradigmewiessel geschwat, bei dem d’Gemenge gratis Terrainen zur Verfügung gestallt kréien an de Promoteur ka méi dicht bauen.

De Pacte Logement 2.0 ass e grousse Schratt an déi richteg Richtung, fir an Zukunft däitlech méi bezuelbare Wunnraum ze schafen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...