Claude Lamberty

Rentrée: Eng gerecht formal a non-formal Educatioun fir all Kand

De 15. September gehéiert datums-teschnesch zu der Lëtzebuerger DNA. Jidderee vun eis weess, wat deen Dag bedeit.

De 15. September ass net nëmmen déi grouss Vakanz eriwwer.

Neen, fir eis léifste Kanner geet deen Dag de sougenannten « Eescht vum Liewen » soit eng éischte Kéier – oder alt nees erëm – un.

Et ass d’Rentrée.

Fir d’éischt an der Grondschoul an dono am Secondaire.

D’Schoul preparéiert op d’Liewen. Si ass a viller Hisiicht decisiv, wéi eis Kanner sech spéider entwéckelen. Als Mënschen, ma och am Beruff. Dofir ass d’Schoul ee vun de ganz wichtege Piliere vun eiser Gesellschaft.

De Minister Claude Meisch huet dës Rentrée ënnert de Slogan « Eng gutt Bildung fir jiddereen » gestallt. Dat ënnersträicht nach eemol d’Wichtegkeet, déi d’Regierung der Bildung gëtt.

D’Bildungspolitik ass dofir scho méi laang op de Wee gaangen, fir d’Eltere vun de Schoulkanner esou z’ënnerstëtzen, datt déi Hëllef och direkt bei de Kanner ukënnt. Ech erënneren op dëser Plaz just un déi gratis Schoulbicher fir d’Kanner an di Jugendlech. Eppes wat et ni ginn ass, an elo wou et agefouert ass, eng grouss Erspuernis fir vill Famillje bedeit.

An der aktueller Kris – déi vu Präisdeierecht an Inflatioun gepräägt ass – huet den Educatiounsministère elo eng weider Schëpp bäigeluecht, fir d’Eltere finanziell z’entlaaschten a fir de Kanner zousätzlech, héichqualitativ Offeren unzebidden.

Eng gutt Schoul dierf näischt kaschten a muss fir jiddereen zougänglech sinn.

Dat Recht fir eis Kanner ass a Stee gemeesselt.

Ma dat gëllt och fir déi non-formal Bildung, an där et och drëms geet, fir sozial Kompetenzen, eng gutt Motorik oder kulturellt Geschéck z’entwéckelen, déi immens wichteg fir d’Entwécklung vun eise Jéngste sinn.

Esou sinn d’Maisons Relaise vun dëser Rentrée un an de Schoulwoche fir näischt. Doriwwer eraus sinn d‘Mëttegiesse gratis. Des Mesure gëlle fir Kanner aus sozial méi schwaach gestallte Familljen, och an DE Vakanzen.

Eng weider Innovatioun ass déi gratis Hausaufgabenhëllef an alle structures d’éducation et d’acceuil. Et geet hei net drëms, datt d’Kanner en zweete Cours kréien. Ma si sollen hir Hausaufgaben – esou wéi doheem – kënnen ënner Surveillance maachen.

Wichteg dobäi ass d’Aféierung vun enger App – dem E-Bichelchen – mat deem den Educateur mat den Elteren a mam Léierpersonal a Kontakt ass, an déi dräi Säite sech kënnen iwwer eventuell Probleemer austauschen. Dat entlaascht d’Elteren, erliichtert den Enseignanten de Suivi vun de Schüler, an dréit zu enger besserer Kommunikatioun am Sënn vum Kand bäi.

Ech begréissen och besonnesch d’Gratuitéit vun de Coursen an de Museksschoulen, déi elo agefouert ginn ass.

D’Kanner kënnen esou hiert Talent an hire Goût un der Musek, dem Danz oder dem Theater entwéckelen.

Déi genannte Mesure weisen, datt de Bildungsminister alles ënnerhëlt, fir datt all Kanner am Land eng gerecht formal an non-formal Educatioun kritt, déi iwwert déi reng Schoulstonnen erausgeet, an dass et ganz besonnesch wichteg ass, dass et net vum sozio-ökonomesche Status ofhänkt, wéi e Kand sech entwéckelt.

An all Kand stécht en enormt Potential… e Potential, dat just dorobber waart fir gefërdert ze ginn.

Et ass dofir nëmmen normal, datt mir dofir suergen, datt jiddereen, datt all Kand säi spéidert Liewen op déi nämmlecht Manéier preparéiere kann.

Zugonschte vum Kand an zugonschte vun eiser Gesellschaft.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...