Upassung vun de Bëscher un de Klimawandel

D'Bëscher spillen eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel. Gläichzäiteg setzen hinnen d'Drécheperioden an déi héich Temperaturen ëmmer méi zou. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Demande fir eng Subventioun am Kader vum Programm "Klima-Bonus" deposéiert goufen, wéi wäit d'Aarbechten un der Reform vum Aidekatalog sinn a wéi et ëm verschidden aner Mesurë steet.

« Als Waasser- a Kuelestoffspäicher spillen eis Bëscher eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel. Gläichzäiteg leiden d’Bëscher och zu Lëtzebuerg ëmmer méi un de Suite vun der Äerderwiermung, ë.a. duerch d’Dréchent an de Borkenkäferbefall, deen doduerch begënschtegt gëtt.

Aus deem Grond huet d’Madamm Ministesch och am November 2019 den neien Aidenkatalog « Klima-Bonus » presentéiert. Donieft gouf awer och ugekënnegt, de Règlement grand-ducal iwwer finanziell Hëllefen am Bësch vun 2017 wärend 2020 nach méi déifgräifend op de Leescht wëllen ze huelen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Demande fir finanziell Hëllefe si beim Ministère zënter der Aféierung vum neien Aideprogramm « Klima-Bonus » erakomm ? Wéi vill sinn der accordéiert ginn ? Fir wéi eng Zorten Aarbechten sinn d’Aiden accordéiert ginn ? Wéi e Montant un Aiden ass ausbezuelt ginn ?
  • Wéi vill Demande goufen deposéiert fir Berodung a Formatioun ? Wéi vill sinn der heivunner accordéiert ginn ?
  • Huet de Ministère eventuell Donnéeën doriwwer, wéi vill Ar an de leschten 3 Joer nei ugeplanzt gi sinn, nodeems eng Coupe rase wéinst Borkenkäferbefall néideg ginn ass ?
  • Op wéi ville Plazen am Land ginn et Experimenter, wou net-indigen Bamzorten ugeplanzt ginn, en vue vun enger eventueller méi breeder Uplanzung vun alternativen Aarten, déi besser un de Klimawandel adaptéiert sinn ? Fir wéini wier mat éischte Resultater ze rechnen ?
  • Wéi wäit ass d’Elaboratioun vum ugekënnegten Outil « fichier écologique des essences » ?
  • Wéi vill Prozent vun den ëffentleche Bëscher sinn FSC an/oder PEFC zertifizéiert ? Fir de Fall wou verschidde Bëscher kee vun den zwee Labelen hunn, gëtt ugestrieft, dass all d’Bëscher an ëffentlecher Hand mat engem vun den zwee Labelen zertifizéiert sinn ?
  • Wéi wäit sinn d’Aarbechten un der Reform vum Règlement grand-ducal vun 2017 ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...

Eng nei Apdikt zu Wäiswampech ?

Zu Wäiswampech soll eng nei Apdikt installéiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, aus wéi enge Grënn eng nei Apdikt installéiert gëtt, wéini dës Apdikt opgoe wäert an ob se dozou bäidroe wäert de Gardesystem am Norde vum Land ze verbesseren.

weiderliesen...

ITM-Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun

D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte 5 Joer duerchgefouert, wéi vill Sanktiounen direkt no enger Kontroll prononcéiert a wéi vill Sanktioune reduzéiert oder zeréckgezu goufen.

weiderliesen...

Amokalarm an der Schoul – an elo?

Rezent koum et an engem Lëtzebuerger Lycée zu enger Interventioun vun der Police. Eng verdächteg Persoun war am Ëmfeld vum Lycée gesi ginn, wouropshin en Amokalarm ausgeléist ginn ass. Wéi ginn d’Schoulen an d’Lycéeën an esou engem Fall vir? Wat sinn d’Reegelen an d’Moyene Sécherheets- a Schutzmesuren déi an esou engem Fall zum Asaz kommen? Wéi gëtt d’Léierpersonal op esou Fäll preparéiert? Eis Deputéiert Barbara Agostino a Mandy Minella hunn sech beim Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend renseignéiert.

weiderliesen...