Wéi steet et ëm den Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospisten, besonnesch am Wanter?

Blieder, Bulli oder soss Knascht op de Vëlospisten stelle grad am Wanter e Sécherheetsrisiko fir Vëlosfuerer duer. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst nogefrot, wéi et ëm den Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospiste steet.

„D’Fëderung vun der doucer Mobilitéit ass eng vun de Prioritéite vun der Regierung, dat net just am Kampf géint de Klimawandel, mee och fir e Mentalitéitswiessel hin zu enger méi multimodaler an nohalteger Approche an der Mobilitéit zu Lëtzebuerg z’encouragéieren. An deem Kader goufen z.B. net just speziell Primme fir de Kaf vun engem Vëlo oder Pedelec agefouert, et gouf a gëtt och den nationale Vëlospistereseau kontinuéierlech ausgebaut.

Allerdéngs ass et besonnesch an der naasser Joreszäit op ville Plaze sou, dass Blieder, Knascht a Bulli op de Vëlospiste leien, déi souwuel e Sécherheetsrisiko fir Cyclisten duerstellen, wéi och generell d’Leit net onbedéngt encouragéieren, de Vëlo ze huelen, sief et fir op d’Schaff oder soss Deplacementer.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ginn déi staatlech Vëlospiste reegelméisseg gebotzt respektiv ënnerhal?
  • Wann net, ass virgesinn dëst an Zukunft méi systematesch ze maachen, besonnesch wärend den Hierscht- a Wanterméint?
  • Weess den Här Minister vun Accidenter vu Cyclisten, déi op de schlechten Zoustand vun enger Vëlospist zréckzeféiere wieren?
  • Wéi vill Meldunge krut d’Administration des ponts et chaussées an de leschten dräi Joer iwwer den Zoustand vu Vëlospisten?“

Äntwert

Ginn déi staatlech Vëlospisten reegelméisseg gebotzt respektiv ënnerhal ? Wann net, ass virgesinn dëst an Zukunft méi systematesch ze maachen, besonnesch wärend den Hierscht- a Wanterméint ?

Als éischt gëllt et ze betounen, dass een tëscht dem konstruktiven an dem lafenden Ënnerhalt vun de staatleche Vëlospiste muss ënnerscheeden.

Laut dem modifizéierte Gesetz vum 28. Abrëll 2015 iwwert den nationale Vëlosreseau, ass d‘Ponts et Chaussées fir de konstruktiven Ënnerhalt vun den nationale Vëlospisten, déi ausseruerts an inneruerts op Staatsstroosse verlafen, zoustänneg. Zum konstruktiven Ënnerhalt zielt ënner anerem d’Flécke vu Rëss, d‘Schléisse vu Fouen, Accotementer respektiv d’Erneiere vum ganze Belag. D’Ausnam vun dëser Reegel sinn national Vëlospisten déi ob enger Gemengestrooss inneruerts verlafen, hei fält de konstruktiven Ënnerhalt an d’Kompetenze vun der Gemeng.

Den konstruktiven Ënnerhalt gëtt, wann d’Wiederkonditiounen et zouloossen, vu der Ponts et Chaussées iwwert dat ganzt Joer gemaach. Déi meeschten Aarbechten ginn allerdéngs am Fréijoer an am Summer gemaach.

De lafenden Ënnerhalt fält allgemeng ënnert den Zoustännegkeetsberäich vun de Gemengen. Ënnert dem lafenden Ënnerhalt versteet sech ënner anerem d’Botze vun der Strooss, de Kanalisatiounen, den Equipementer, d’Fortmaache vu Graffitien op den Ouvragen, d’Botze vun der Beliichtung (déi net zur der ëffentlecher Beliichtung vun der Strooss gehéiert) ewéi och d’Schneide vun de Beem an Äscht an de Wanterdéngscht.

Dobäi ass ze bemierken, dass folgend dem Artikel 6 quater, de lafenden Ënnerhalt vu Vëloexpressweeër vun der Ponts et Chaussées assuréiert gëtt.

Wees den Här Minister vun Accidenter vu Cyclisten, déi op de schlechten Zoustand vun enger Vëlospiste zréckzeféiere wieren ?

Mir leit keng Statistik iwwert Accidenter vu Cyclisten op den nationale Vëlospiste vir. Et ass dobäi awer ze erwänen, dass d’Vëlospisten am allgemengen an engem gudden Zoustand sinn.

Wéi vill Meldungen krut d’Administration des Ponts et Chaussées an de leschten dräi Joer iwert den Zoustand vu Vëlospisten ?

Säit 2017 kann all Reklamatioun oder Commentaire zum Zoustand vun de Vëlospisten op d’E-Mail-Adress pistescyclables@pch.etat.lu geschéckt ginn. Am Fall wou d‘Ponts et Chaussées net zoustänneg ass, ginn dës Mailen un déi zoustänneg Gemenge weider geschéckt.

Am Joer 2019 krut d‘Ponts et Chaussées 18 Meldungen, 2020 waren et der 14 an 2021 nach 7 iwwert den Zoustand vu Vëlospisten eran. Dobäi muss een awer nach soen, dass och Reklamatiounen iwwert net gebotzte Vëlosweeër béi d‘Ponts et Chaussées erakommen, wou awer déi jeeweileg Gemengen zoustänneg sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Ze vill Quecksëlwer an Thonsbéchsen?

Thonsbéchsen a ganz Europa schénge mat ze vill Quecksëlwer kontaminéiert ze sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, ob och Béchsen zu Lëtzebuerg betraff sinn a ob d’Maximalwäerter fir Quecksëlwer beim Thon op EU-Niveau erofgesat misste ginn.

weiderliesen...

Wéi gesäit d’Zukunft vun der Weeltzer Klinik aus?

Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt an Zukunft zu Wooltz an der Klinik kaum nach chirurgesch Agrëff wäerte getätegt ginn. Déi zwee Deputéiert hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob Dokteren aus der Weeltzer Klinik, déi a Pensioun ginn, net méi ersat wäerte ginn, wéi d’Zuel vun de systemateschen Analysen sech entwéckelt huet, a wat ënnerholl wäert gi fir d’Ettelbrécker Klinik ze entlaaschten.

weiderliesen...

Eenzege PET-Scan vum Land nees en panne ?

De PET-Scan zu Lëtzebuerg fält reegelméisseg en panne. Dat erschwéiert d’Kriibsdiagnos a stellt fir d’Patienten eng psychologesch Belaaschtung duer. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kader vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi oft de PET-Scan an de leschte Joren huet misse gefléckt ginn, wéini den 2. PET-Scan installéiert wäert ginn a wéi eng Méiglechkeeten et gi fir Patienten, déi dréngend ee PET-Scan gemaach musse kréien.

weiderliesen...