Workshop De Bloen Eck

Eng politesch Partei lieft net just vum Echange mat de Bierger, ma och vun der Diskussioun an den eegene Reien. Dofir hat de Südcomité vun der DP seng Sektiounen an de Centre Culturel op Äischen invitéiert, wou de Jean-Paul Lickes an d’Isabelle Kolber e Workshop zu den nächste Gemengewale moderéiert hunn.

D’Themen, déi vun zwee Aarbechtsgruppen diskutéiert an duerno vun de Rapportere Kevin Schoos a Bernhard Dedenbach zu enger Konklusioun zesummegefaasst goufen, hu sech ronderëm d’Froe vum Rekrutement vun neie Memberen a vu méigleche Kandidate gedréint; grad ewéi iwwert déi politesch Ausriichtung vun der Partei. Nom Workshop huet d’Sektioun Äischdall mat selwer-gemaachtenem Chili con − a sin− carne a mat engem gudde Patt fir den Ofschloss vun engem interessanten Owend gesuergt.

Wéinst dem positive Feedback vu senge Memberen envisagéiert de Südcomité an Zukunft weider Workshoppen an anere Sektioune vum Bezierk.

Max Hahn

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.